Héichwaasser: Situatioun um 16 AuerD'Musel klëmmt viraussiichtlech nach bis e Samschdeg den Owend
De Peegel vun der Musel klëmmt aktuell. Zu Réimech beispillsweis steet de Grenzfloss bei 4,41 Meter an zu Stadbriedemes bei 5,14 Meter.
D’Côte de préalerte vu 5,30 Meter zu Stadbriedemes gëtt viraussiichtlech e Freideg den Owend iwwerschratt. De Maximum vu 5,60-5,70 Meter gëtt viraussiichtlech e Samschdeg den Owend erreecht.