Dir hutt d'WuertD'Ministesch Martine Deprez huet Är Froen zum Pensiounssystem beäntwert

Carine Lemmer
Et war de Sujet déi lescht Méint: de Lëtzebuerger Pensiounssystem. En Donneschdeg de Moie krut Dir d'Wuert dozou.

Ëm d’Pensiounen an d’Reform vum Lëtzebuerger Rentesystem, mat allen Adaptatiounen a Froe ronderëm goung et en Donneschdeg de Moien an eiser Emissioun “Dir hutt d’Wuert”. D’Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez war live am Studio. Vill Froe waren natierlech relativ spezifesch a perséinlech, och well d’Situatioune vun de Leit verschidde sinn.

Mat 57 Joer a 40 Schaffjore kann ee weiderhin an déi virzäiteg Pensioun

Zanter dem 1. Januar ginn et jo Ännerungen am Pensiounsregimm. Wann ee mat 57 Joer obligatoresch 40 Joer laang geschafft a cotiséiert huet, ass et weiderhin esou, datt ee mat 57 an déi sougenannt Pre-Pensioun ka goen. Dorunner huet sech näischt geännert, huet d’Ministesch erkläert.

Legale Pensiounsalter bleift bei 65 Joer

Um legale Pensiounsalter vu 65 Joer wëll ee festhalen. D’Diskussiounen ëm d’Zukunft vun der Rent wieren och net fäerdeg. Elo wäre se mol ofgeséchert fir déi nächst 4 Joer. Fir dës Legislaturperiod soll näischt méi bäikommen, mä mëttel- a laangfristeg wäerten Adaptatiounen néideg sinn. Wéi déi dann ausgesinn, wier d’Grondlag vun Diskussiounen, déi musse gefouert ginn, seet d’Ministesch.

Een Nolauschterer huet ugereegt, d’Cotisatiounen dann ze héijen, amplaz de legalen Antrëttsalter. D’Martine Deprez ass sech och bewosst, datt et nach Aarbecht gëtt, wat de Statut vum Independant an där hir Pensiounen ugeet. Do wéilt si awer net virgräifen, Diskussioune wieren do amgaangen.

Fréistens mat 55 Joer kann ee sech d’Pensioun ausrechne loossen

Wat d’Pensiounskeess ugeet, also d’CNAP, déi sech mam neie System muss ëmstellen, wier et weider den éischten Uspriechpartner. Eréischt mat 55 Joer Joer oder méi kann ee sech do d’Pensioun ausrechne loossen an ufroen, wéi laang een nach muss schaffe goen.

Vill Erklärungen op schwätzmat.lu

Um Internetsite schwätzmat.lu vum Gesondheets- a Sozialministère ginn et vill Explikatiounen a Resuméen zum Pensiounssystem. Wann een do keng Äntwert op seng Fro fënnt, kann een iwwer déi Internetsäit och seng Fro eraschécken.

Dir hutt d’Wuert: Martine Deprez

Back to Top
CIM LOGO