StatecD’Lëtzebuerger Wirtschaft huet d’Corona-Kris nawell gutt iwwerstanen

RTL Lëtzebuerg
Dat beleeën déi nei Wuesstemschiffere vum Statec, déi fir 2021 vun enger Rekord-Hausse beim PIB ausginn.

An de Méint Abrëll bis Juni loung dëse bal 12% iwwert deem vun der selwechter Period zejoert. Eng méi héich Hausse gouf et zanter 25 Joer net méi.

Et misst een awer natierlech bedenken, dass 2020 a matzen an der Kris, och alles ganz schlecht gelaf wier.

D’Chancë stéinge gutt, dass een d’Prognos vun engem Wirtschaftswuesstem vu 6% fir d’ganzt Joer 2021 och kéint realiséieren, schreift de Statec.

Back to Top
CIM LOGO