eHandwierkD'Lëtzebuerger Handwierk am digitalen Zäitalter

Tim Morizet
Déi lescht Méint hätte bewisen, esou warnt de Mëttelstandsminister, Lex Delles, datt et geféierlech ass fir e Betrib net digital ze sinn...
© RTL

D'Handwierk zu Lëtzebuerg adaptéiert sech gutt un den digitalen Zäitalter, besonnesch duerch déi aktuell Situatioun wäre vill Betriber op den Zuch opgesprongen, esou d'Chambre des Métiers en Donneschdeg. Et mécht ee sech awer virun allem Suerge bei der Datesécherheet.

eHandwierk zu Lëtzebuerg - Reportage Tim Morizet

D'Digitaliséierung dierf och u klengen a mëttelstännegen Entreprisen net laanscht goen. Dozou gehéiert och d'Sécherheet vun den eegene Daten, ewéi och déi vum Client. Hei weist ee sech nach besuergt, esou d'Anne Majerus, vum Service eHandwierk: „80% vun de Betriber hunn en Antivirus-Programm. Dat heescht awer och, datt 20% nach keen hunn. Wat eis awer och Suerge mécht ass, datt just e véierels vun den Entreprisen hier Aarbechter oder Mataarbechter sensibiliséieren zum Sujet Datesécherheet. Dat war zu Lëtzebuerg déi lescht Wochen a Méint a grousst Thema, well et ëmmer erëm zu Hacking-Ugrëff bei Handwierksbetriber koum. Dat virun allem duerch Phishing“

Och wann an anere Beräicher nach Loft no uewe bléift, weist den elektroneschen Handwierk Service vun der Chambre des Métiers seng Friichten. Bis Enn 2019, wären zwee Drëttel vun den Entreprisen déi no Hëllef gefrot haten um gudde Wee, fir d'Transformatioun an den Numerique ze packen: „2017 hate genau esou vill Betriber eng Internetsäit ewéi haut. Mä deemools war se eng statesch Vitrinn, mat dacks nëmmen Ëffnungszäiten. Déi Säite ginn awer méi aktiv. Et kann ee vill Informatioune fannen, Rendezvousen huelen, sëlwer eppes online bestellen.“

Déi lescht Méint hätte bewisen, esou warnt de Mëttelstandsminister, Lex Delles, datt et geféierlech ass, fir e Betrib net digital ze sinn: „D'Corona-Kris huet eis gewisen, datt et ganz geféierlech Konsequenze kann hunn, wann ee guer net digital present ass. An hei ginn et ganz einfach Saachen, ewéi de Kontakt mam Client. Déi lescht Méint war et schwéier nei Clienten ze kréien. Et huet ee misse Reklamm maachen an dofir huet ee sech och misse presentéieren. An dat ass den éischte Schratt vun der Digitaliséierung: de Kontakt mam Client.“

An deem Kader gouf och d'lescht Woch nach de „Fit for digital Package Handwierk“ presentéiert. E Programm fir Handwierksbetriber ënner 50 Leit, déi wëlles hunn, verschidden digital Mesuren ëmzesetzen. Hei gëtt et eng fix Ënnerstëtzung vu 5.000 Euro.

Back to Top
CIM LOGO