De Sondage gouf vum Mouvement écologique an Optrag ginn an et gouf en Donneschdeg Bilan gezunn. Vill vun den 1016 Awunner an Awunnerinnen hätte sech dofir ausgeschwat, et misst een ënner anerem an Zukunft de Fokus op d'Natur leen, manner séier liewen, manner materiell konsuméieren a méi Zäit fir déi sozial Kontakter hunn. Dëst hätt een aus der Pandemie geléiert.
Fir méi Nohaltegkeet wier de Leit no och d'Politik gefuerdert, dat kéint een aus dem Sondage erausliesen. An awer géif d'Majoritéit méi Wuesstem wëllen, dat ass am Rapport vum MouvEco ze liesen. Vläicht een nohaltege Wuesstem, vläicht géif dat och weisen, datt d'Leit an der Wuesstemsdebatt keng Alternativ géife kennen.
77% vun de Leit soen zum Beispill, datt si de Mënsch als vulnerabel an ofhängeg vun der Natur ugesinn. Nëmmen 12% géife mengen, d'Technik kéint d'Natur an de Grëff kréien. 38% vun de Leit soen, datt d'Corona-Kris hier Relatioun zum Konsumverhale verännert hätt an datt elo aner Valeure méi wichteg wiere wéi dat Materiellt. Dogéint soe 24%, datt d'Kris näischt un hirem Shopping-Verhale geännert hätt. 85% fannen, datt si sozial Kontakter elo méi valoriséieren.
84% wëlle manner "séier" liewen an zwee Drëttel vun de Befrote si prett fir grouss Verännerungen an der Gesellschaft a generell an der Liewensweis. 71% si souguer fir esou Changementer an der Wirtschaft an nëmmen 22% wëllen, datt alles erëm esou gëtt, wéi virun der Kris. 78% vun de Befrote sinn iwwerdeems fir eng nohalteg Steierpolitik.
Och ekologesch, respektiv sozial Critère misste bei enger ekonomescher Relance berécksiichtegt ginn. Dat soe 45%, respektiv 46% vun de Leit.
De Rapport präziséiert iwwregens, datt d'Leit eréischt nom Sondage gesot kruten, datt et de Mouvement écologique ass, deen d'Ëmfro an Optrag ginn huet. Dat, fir datt d'Äntwerten net duerch dat Wësse beaflosst ginn.