Lëscht läit RTL virD'Justizautoritéiten hu 74 verschidden Datebanken

RTL Lëtzebuerg
Eng entspriechend Lëscht, déi e Mëttwoch den Deputéierte vun der zoustänneger Chamberkommissioun soll presentéiert ginn, läit eis vir.
© RTL Archivbild

Op der Lëscht ass natierlech de Ju-cha-Fichier, deen duerch d’Affär ëm d'geheim Datebanken a Justiz reveléiert gi war. Eng Rei aner Datebanke sinn och scho bekannt, wéi de GO-AML, deen et Finanzinstituter a Professionellen aus dem Secteur erlaabt, Deklaratiounen iwwert verdächteg Operatiounen un d’Cellule de Renseignement Financier CRF ze schécken. Donieft sinn awer eng ganz Rei, dem Public bis elo onbekannt Datebanken opgelëscht. Et geet vu beispillsweis bestëmmten DNA-Profiller, Dossiere vu Prisonéier, Dräibuer, Confiscatioun vun Autoen, Signalementer, bis hin zu Prestations de Serment.

Am Géigesaz zu de Police-Fichieren, gouf d’Fro vun de Justiz-Fichieren an hiren Aklang mat den neien Dateschutz-Reegele relativ wéineg opgeschafft.

Back to Top
CIM LOGO