An der StadDirekt 2 Jugendlecher goufen Affer vu Gewalt

RTL Lëtzebuerg
E Samschdegmëtteg géint 14.30 Auer gouf an der rue de la Semois and er Stad e Jugendlechen opgefuerdert säin Handy erauszerécken.

Dobäi gouf d'Affer mat engem Messer bedreet. Wéi hien den Ugräifer säin Telefon ginn huet, sinn déi fortgelaf.

E Sonndegmoie fréi géint 3 Auer gouf dann e Jugendlechen op der Place de la Gare iwwerfall. Fir d'éischt gouf hien no enger Zigarett a Sue gefrot. Nodeems d'Affer dorop awer net agaangen ass, ass den Täter aggressiv ginn, huet dem Affer d'Halskette vum Kierper gerappt, eng Posch grad ewéi en Ouerrang an huet e mat de Fäischt geschloen. Duerno ass en a Richtung Avenue de la Gare geflücht.

Back to Top
CIM LOGO