
Den Dënschdeg, 29. September ass den internationalen AntiGaspiDag. Op RTL dréint sech deen Dag alles ronderëm dëst Thema.
Mir begéine verschidden Acteuren, déi sech dem AntiGaspi verschriwwen hunn a soen Iech, wat fir Mesurë geholl ginn, fir bis 2030 d'Liewensmëttelverschwendung ëm 50% ze reduzéieren.
Um internationalen AntiGaspiDag ass am Radiostudio och eng Expertin fir Liewensmëttelsécherheet an all Fro zum Thema AntiGaspi kënnt Dir hir gäre stellen.
Schéckt eis är Froen eran a lauschtert hir Äntwerten an Tipps den 29. September no 9 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.