EnseignementDiplom +, eng nei Formatioun nom Lycée

Christophe Hochard
Iwwert de Summer gouf am Educatiounsministère eng nei Formatioun ausgeschafft. Zanter e Mëttwoch kënne sech Interesséierter aschreiwen.
Diplom +, eng nei Formatioun fir nom Lycée
Iwwert de Summer gouf am Educatiounsministère eng nei Formatioun ausgeschafft. Zanter e Mëttwoch kënne sech Interesséierter aschreiwen.

Déi nei Formatioun vum Educatiounsministère huet als Zil, fir jonke Leit eng Perspektiv op eng Aarbechtsplaz respektiv e Studium unzebidden. Mat enger Première aus dem Classique, dem Général oder der Formation du Technicien an der Täsch kann ee vu Mëtt Oktober u sech weider ausbilde loossen. Wéi deen neie System funktionéiert, gouf e Mëttwoch de Mëtteg op enger Pressekonferenz presentéiert.

80 Jonker opgedeelt op 4 Klasse kënne vum 19. Oktober u vun där neier Formatioun mam Numm "Diplom +" profitéieren. Am CNFPC zu Esch an Ettelbréck ginn d'Coursë gehalen. Et ginn obligatoresch a fakultativ Modüllen ugebueden.

Et wäert e Programm sinn, dee ganz flexibel ass. 25 Schoulstonne pro Woch si virgesinn. 5 den Dag. Op dës Manéier wëll een de Jonken eng Perspektiv bidden. Sief et, fir weider studéieren ze goen oder eng Aarbecht ze fannen.

D'Formatioun zitt sech iwwer 2 Semester. Eng 20 Leit, Enseignanten an Experten aus verschiddenen Domainen halen d'Coursen. All Modüll wäert och zertifiéiert ginn.

Wichteg wär et awer och, Entreprisen z'encouragéieren, Léierplazen unzebidden. Dofir gëtt et eng Primm pro Léierplaz.

Um Internetsite diplomplus.lu kënnen déi Interesséiert sech fir déi nei Formatioun zanter e Mëttwoch aschreiwen.

Back to Top
CIM LOGO