Ännerung un der SpëtztD'Geraldine Knudson nei Generaldirektesch vu Maison Moderne

RTL Lëtzebuerg
De 14. September kënnt d'Geraldine Knudson un d'Spëtzt vum Medienhaus Maison Moderne. Si léist domadder de Richard Karacian of.

D'Geraldine Knudson ass aktuell Direktesch am Touristebüro zu München, zënter 2013 dirigéiert si eng Ekipp vun 80 Leit. Virdru war si vun 2006 bis 2012 City Manager vun der Stad Lëtzebuerg a vun 1997 bis 2006 Manager am Marketing bei der SES. Si schwätzt 5 Sproochen, dorënner och Lëtzebuergesch, an huet zu Berlin Theater, Konschtgeschicht a Soziologie studéiert.

Den nach aktuelle Chef Richard Karacian hätt decidéiert, Mëtt Juli bei seng Famill op Paräis zréckzegoen, sou d'Maison Moderne. Bis de 14. September ass de Grënner vu Maison Moderne a fréiere Generaldirekter Mike Koedinger CEO als Iwwergangsléisung.

De Mike Koedinger bleift President vum Verwaltungsrot, nieft de Membere Marie-Jeanne Chèvremont, Pascale Kauffman a Daniel Schneider.

Liest hei den offizielle Schreiwes.

Back to Top
CIM LOGO