ChamberD'Francine Closener dierft fir de Marc Angel noréckelen

RTL Lëtzebuerg
Déi fréier Staatssekretärin am Wirtschaftsministère huet eis e Méindeg am fréien Owend confirméiert, datt si d'Mandat géing unhuelen.
© RTL Archivbild

D'Konditioun dofir ass, datt d'EU-Kommissioun mam neie Lëtzebuerger Kommissär Nicolas Schmit den 23. Oktober duerchgewénkt gëtt an datt de Marc Angel, wéi virgesinn, vum Krautmaart op Stroossbuerg an d'EU-Parlament wiesselt.

D'Francine Closener war nom Parteipresident Franz Fayot déi Véiertgewielten op der LSAP-Zentrumslëscht bei de Chamberwalen zejoert.

Vun 2013 bis 2018 war si Staatssekretärin am Wirtschaftsministère. Den Ament ass si Première Conseillère de Gouvernement am Ausseministère a këmmert sech ëm d'Promotioun an d'Image de marque vu Lëtzebuerg.

Op d'Plaz 5 koum bei de Walen d'Cécile Hemmen. Am Fall vun engem Refus vun der Francine Closener wier d'Ex-Buergermeeschtesch vu Weiler-zum-Tuer och bereet gewiescht, d'Mandat unzehuelen, hat si eis virun e puer Woche am RTL-Interview gesot.

D'Vereedegung vun der Francine Closener dierft dann am November sinn.

RTL NEWS: 3 Nominatiounen: Francine Closener, Jo Kox, Olaf Münichsdorfer

Back to Top
CIM LOGO