Henri KoxD'Fourrière zu Esch ass zougemaach ginn

RTL Lëtzebuerg
Dat confirméiert de Policeminister Henri Kox dem Escher CSV-Deputé-Maire Georges Mischo als Äntwert op eng parlamentaresch Fro.

D'Fermeture war schonn am August, aus Sécherheetsgrënn. D'Fourrière war an der Gebléishal ënnerbruecht, déi aus de selwechte Grënn net fir Esch 2022 zeréckbehale gi war.

Scho méi laang hätt een och de Beräich Rond-point Raemerich an d'Ae gefaasst ginn, fir eng laangfristeg Léisung fir d'Fourrière, heescht et weider vum Minister.

Et gëtt lo no provisoreschen Alternativë gesicht, mat dat wier schwiereg, um Site Belval géing et allzäit keng Léisung ginn.

Et géif elo zesumme mam "Domaine de l'Etat" gekuckt ginn, wat ee kéint maachen.

Back to Top
CIM LOGO