
Et wier falsch ze soen, datt den OGBL de generaliséierte CovidCheck am Betrib géif begréissen, esou d‘President Nora Back en Dënschdeg de Mëtteg no enger Sëtzung vum nationale Comité. Den OGBL hätt esou eng Mesure ni verlaangt. Et géif een awer d‘Entscheedung vun der Regierung an d‘Responsabilitéit, déi se am Kader vun den aktuelle Chifferen iwwerholl huet, respektéieren.
Et sinn haart Decisiounen, mee e weidere Lockdown hätt vill méi fatal Konsequenze fir vill Aarbechtsplazen. Et misst ee sech awer bewosst sinn, datt d‘Inegalitéite wuessen. Et riskéiert een, an déi falsch Richtung ze rutschen – e weideren Déifpunkt gouf et e leschte Samschden, esou d'Presidentin vum OGBL, Nora Back.
Den OGBL begréisst, datt et par Rapport zum Gesetz vum 18 Oktober e richtege Sozialdialog gouf. An deem gouf jo festgehalen, datt Entreprisen den 3G op fräiwëlleger Basis kéinten aféieren. Et géif genuch Zäit bleiwen, fir déi lescht oppe Froen an déi konkret Ëmsetzung op der Aarbechtsplaz ze diskutéieren, well déi nei Mesure eréischt de 15. Januar a Kraaft trëtt.
Fir den OGBL géif et weider déi iewescht Prioritéit bleiwen, datt d‘Feele vum CovidCheck net zu Kënnegunge feieren dierft. Genau dat Personal dierft och hir Securité Sociale net verléieren. Dat géif mam neie Gesetz och gesetzlech niddergeschriwwe ginn.