Gratis Schoulbicher am SecondaireDës Rentrée goufen 277.000 Bicher am Wäert vu 7 Mio. Euro bestallt

RTL Lëtzebuerg
D'obligatoresch Schoulbicher am Secondaire sinn eng deier Affär. Zemools fir de Staat, dee se jo zanter 2 Joer gratis de Schüler offréiert.
© RTL Télé Lëtzebuerg

Eleng fir dës Rentrée goufen iwwert de Site MyBooks ronn 277.000 Bicher fir eng Valeur vun iwwer 7 Milliounen Euro bestallt.

Am Fall, wou een op e Schoulbuch zeréckgräift, dat ewell am Gebrauch war, gëtt et e Reduktiounsbong: fir dës Rentrée goufe ronn 8.000 esou Bongen ausgestallt, woubäi d'Valeur vun engem Bong bei 37 Euro louch.

D'läscht Schouljoer waren et bal 15.000 Bongen mat enger Valeur, déi och ageléist gouf, déi bei 269.000 Euro louch.

D'Stéit spueren natierlech duerch d'gratis Schoulbicher an de Lycéeë Suen: dëst Schouljoer konnten an der Moyenne pro Schüler 212 Euro gespuert ginn - eng Valeur, déi dem Educatiounsminister no, jee no Klass bis bei 450 Euro pro Schüler kann ausmaachen.

Dës Chiffere liwwert den DP-Minister Claude Meisch op Basis vun enger parlamentarescher Fro vu sengem Parteikolleegen-Duo Lamberty an Hahn.

PDF: Äntwert vum Claude Meisch op parlamentaresch Fro vum Claude Lamberty a Max Hahn

Back to Top
CIM LOGO