Weiler zum TuerDës Polit-Episod erënnert un ee richtege Krabbekuerf

Monique Kater
Bis haut gëtt et keen Ersatz fir d’Andrée Colas, déi Enn August als 1. Schäffin demissionéiert huet.
De Krabbekuerf vu Weiler zum Tuer
Bis haut gëtt et keen Ersatz fir d’Andrée Colas, déi Enn August als 1. Schäffin demissionéiert huet.

D’Majorz-Gemeng Weiler zum Tur hat mam Tilly Metz net nëmmen déi éischt inoffiziell gréng Buergermeeschtesch, mee méi spéit no der Demissioun vum Cecile Hemmen am Joer 2018, mam Vincent Reding och dee jéngste Buergermeeschter.

E Resultat vun zwee mol Komplementarwalen war dat. Vun do un huet d’Weiler Gemengepolitik no baussen, harmonesch funktionéiert bis Enn August elo, d’Andrée Colas, als 1. Schäffin demissionéiert huet, well si sech mat der Aart a Weis, wéi de Schäfferot géing schaffen, net méi kéint identifizéieren, sou d'Explikatioun.

En Ersatz fir si gëtt et bis haut keen a wann ee kraze geet, erënnert dës Polit-Episod un e richtege Krabbekuerf.

Ginn et Dysfonctionnementer an der Gemeng Weiler zum Tuer? (08.09.2021)

Nodeems dës Woch eréischt bekannt gouf, dass d'Andrée Colas den 22. August schonn als 1. Schäffin hir Demissioun agereecht huet, schwätzt d'Oppositioun vu Manktem u Kommunikatioun, et géif virun allem och un Transparenz feelen.

D'Conseillère Cécile Hemmen hat en Dënschdeg d'Demissioun vum Buergermeeschter an deem anere Schäffe gefuerdert, vun hire Leit wier kee bereet, an de Schäfferot ze wiesselen, wann dës Constellatioun géif bleiwen.

Reaktioun Weiler zum Tuer / Reportage Monique Kater

E Mëttwoch de Moien huet de Buergermeeschter reagéiert. De Vincent Reding ass sech kenger Schold bewosst a weess och näischt vun eventuellen Dysfonctionnementer. Wuel wier hien traureg iwwer dat wat grad a senger Gemeng geschitt, de Vincent Reding gesäit awer keng Ursaach d'Handduch ze werfen. Hie wéilt fir déi nächst Woch e Gemengerot aberuffen an de Reprochë géint de Schäfferot op de Fong goen.

Vill Kritik kënnt vun der Oppositioun vu Weiler.
De Buergermeeschter Vincent Reding ass sech kenger Schold bewosst a weess och näischt vun eventuellen Dysfonctionnementer.

Mat Leit, vun deene si sech net kéint sécher sinn, dass se eng korrekt an transparent Aarbecht géinge maachen, kéint si net méi zesummeschaffen. Esou huet d'Andrée Colas en Dënschdeg hire Récktrëtt als éischte Schäffe vun der Gemeng Weiler zum Tuer kommentéiert. Et ass eng Ausso, hannert där sech Reprochë géint de Rescht vum Schäfferot verstoppen, Reprochen, iwwer deenen hir Hannergrënn och d'Oppositioun just Undeitunge mécht, ouni konkret ze ginn. Fir de Buergermeeschter, deen e Mëttwoch reagéiert huet, ass dat Ganzt awer kee Grond, fir säin Hutt ze huelen.

Dass et an deem Schäfferot Onstëmmegkeete géif, hätt een am Gemengerot mat kritt, sot déi fréier Buergermeeschtesch, déi eis en Dënschdeg gezielt huet, dass am Conseil Froe gestallt goufen, am Zesummenhang mat engem Terrain.

Eisen Informatiounen no geet et ëm Land an der Zone Verte, dat d'Gemeng fir d'Renaturéierung vun der Syr wollt hunn an ewell och huet, bis op eng Parzell, déi de Schäffen dem private Proprietär fir sech selwer ofkaaft hätt. D'Gemeng géif deen Terrain zwar net wierklech fir d'Renaturéierung brauchen, mee als Tausch-Objet wier esou eppes ëmmer gutt, esou gëtt et zu Weiler an an den Dierfer ronderëm gezielt. Dobäi ass kafen net gläich kafen.

De Buergermeeschter Vincent Reding rëselt de Kapp, seet sech traureg, mee weess heivunner. Mat sengem Schäffen hätt hien nach net geschwat a wier sech op aller Fall kenger Schold bewosst, och net vis-à-vis vun der Andrée Colas, där hir Reaktioun hien net kann novollzéien, well de Schäfferot gutt matenee geschafft hätt.

Fir de Rescht verweist de Vincent Reding op d'nächst Woch an den nächste Gemengerot, deen ass a gutt 14 Deeg an do soll alles gekläert ginn. Et géif sech dach sécher e Schäffe fanne loossen, seet de Buergermeeschter, deen eppes net wëlles huet: an dat ass zréckzetrieden.

Mat der Demissioun vun der Andrée Colas als 1. Schäffe vun der Gemeng Weiler zum Tuer goufe Froen opgeworf, déi enger Gemeng an hire politesch Responsabelen net gutt dinn. Am Schäfferot wier ee sech méi wéi eemol net eens gewiescht, riets geet vun Differenzen, vu verschiddenen Aarbechtsmentalitéiten. A senger Reaktioun streit de Buergermeeschter Dysfonctionnementer kategoresch of.

Am Weiler Schäfferot sëtzen oder souze bis Enn August 3 Leit, déi der CSV nostinn. De Buergermeeschter war 2018 dee jéngsten am Land, elo ass de Vincent Reding donieft fir d'CSV Bezierkspresident Zentrum. Wann en Andrée Colas als 1. Schäffin zrécktrëtt a seet, si kéint net mat Leit zesummeschaffen, vun deene si sech net kéint sécher sinn, dass se eng korrekt an transparent Aarbecht géinge maachen, erwaart ee sech eng Reaktioun.

Dobäi ass kafen net gläich kafen. Deen nächste Gemengerot soll Kloerheet bréngen an en neie Schäffen. Bei esou Affär bleift meeschtens e faulen Nogeschmaach. Wat de Buergermeeschter awer net ofschreckt.

Back to Top
CIM LOGO