
320 Milliounen Euro: Dat wier dat, wat en Deplafonnement vun de Cotisatioune fir d'Krankeversécherung d'lescht Joer der CNS méi erabruecht hätt. E Plus vu 6,8% par Rapport zu de Gesamtrecette vun der CNS, déi bei bal 4,7 Milliarden Euro louchen.
Allerdéngs géing en Deplafonnement vun de Cotisatiounen de Staat 195 Milliounen Euro kaschten, well de Staat sech jo um Finanzement vun der CNS bedeelegt a well duerch d'Exoneratioun vun de Cotisatioune manner Steieren erakéimen.
Dat geet aus der Äntwert vun der Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Marc Baum vun déi Lénk ervir.
D'Krankeversécherung huet d'lescht Joer e budgetären Defizit vu ronn 100 Milliounen Euro gemaach. Op der Quadripartite am Hierscht sollen Aarbechtsgruppe Mesurë festhalen, déi d'Hausse vun den Ausgabe solle bremse fir laanscht eng Hausse vun de Cotisatiounen ze kommen.
D'Cotisatioune sinn – ewéi bei de Renten – bei fënnef Mol dem Mindestloun gedeckelt. D'LSAP an déi Lénk haten en Deplafonnement als Optioun, fir d'CNS finanziell ze reequilibréieren, an d'Spill bruecht.