Claude TurmesDepart vun héije Beamten am Energieministère "net tragesch"

Pierre Jans
Den annoncéierten Depart vum héije Beamten Tom Eischen am Energieministär ass "net tragesch". Dat sot de Claude Turmes RTL géintiwwer.

Den Tom Eischen, deen zanter 2011 d’Generaldirektioun vun der Energie am Wirtschaftsministère gefouert huet, verléisst de Staat, hat Paperjam Ufanks Juli gemellt.

Am Géigesaz zur éischter blo-rout-grénger Regierung ass d’Departement "Energie" elo net méi am Wirtschaftsministère a bei der LSAP, mee bei der Landesplanung a bei deene Gréngen.

Eisen Informatiounen no war am Departement "Energie" net jiddereen averstane mat der Approche vum neie Minister. Dat hei ass dem Claude Turmes seng Reaktioun: ''Mir maachen elo eng Trennung. Mir sinn am Gaangen, nei Leit ze sichen. Et ass flott fir mech, dass mir vun der Regierung eng ganz Rei nei Leit accordéiert kruten. Ech kann elo eigentlech en neie Ministère opbaue mat engem Deel vun de Leit, déi do waren an enger ganzer Rëtsch Leit déi nei kommen.''

Dem Energieminister Claude Turmes no wär dat also kee Weltënnergäng. Hien hätt vun de leschte méi rouege Summerdeeg och scho profitéiert, fir d'Rentrée ze plangen.

Back to Top
CIM LOGO