Etüd vum LiserDen Teletravail an d'Distanz-Mesurë musse weidergoen

RTL Lëtzebuerg
Wéi kënne mer eis vun der Corona-Kris erhuelen? Där Fro ginn zwee Fuerscher vum Liser an enger epidemiologescher Analyse vun der Pandemie no.

Am Papier maachen déi zwee Chercheuren och konkret Recommandatiounen un d'Politik, wéi eng Lektiounen een aus der Krisegestioun zéie misst, fir eng nächst grouss Ausbreedung vum Covid-19 ze verhënneren. Dem Liser, dem Luxembourg Institute of Socio-Economic Research no, sollt dowéinst weider op Teletravail gesat ginn. Den Homeoffice wier vital. All d'Simulatiounen, déi een duerchgefouert hätt, géife weisen, datt d'Enn vum Teletravail e groussen epidemiologesche Schued uriichte géif, och wann aner Confinementsmesure géife bestoe bleiwen.

Datt Restauranten an aner Horesca-Aktivitéiten mat hallwer Kapazitéit fueren, respektiv am Respekt vun den Distanz-Reegelen, hätt dogéint nëmme wéineg Effekter op d'Courbe.

Distanz an Hygiènesmesuren am sozialen a familiäre Kontext wieren dogéint ganz wichteg. Da sollt dem Liser no all Mount op breeder Basis getest ginn, bei de Residenten an awer och de Frontalieren. D'Kombinatioun tëscht de PCR-Tester an enger Handy-Tracing-App gekoppelt mat Quarantänsmesure géif de Reproduktiounswäert effektiv drécken.

En Test all zwee, dräi Méint wier sënnvoll.

De Liser gëtt ze bemierken, datt et ze einfach wier d’Gestioun vun der Corona-Kris eleng op den Equiliber vun der ëffentlecher Santé an der wirtschaftlecher Aktivitéit ze reduzéieren. Dat wier méi subtil, well engersäits eng grav Pandemie d'Ekonomie an d'Finanzmäert kéint komplett stierzen. Anerersäits wier eng Relance vun der Ekonomie néideg, fir d'Fleeg ze finanzéieren an aner negativ Konsequenzen, zum Beispill op d'mental Gesondheet, ze limitéieren.

Liest hei den offizielle Schreiwes.

Back to Top
CIM LOGO