"Dir hutt d'Wuert" am ReplayDen Dr. Jean-Claude Schmit huet op Froen iwwer d'Impfung geäntwert

Carine Lemmer
En Donneschdeg de Moie konnt Dir eis live op RTL Radio Lëtzebuerg Är Meenung soen an Är Froe stellen.
Dir hutt d'Wuert - Froen iwwert d'Impfung
Den Direkter vun der Santé, den Dr. Jean-Claude Schmit, war live bei eis am Studio fir ze äntweren.

Am Prinzip geet et hei am Land am Januar lass mam Impfe géint de COVID-19. Dat sot den Dr. Jean-Claude Schmit en Donneschdeg de Moien. Den Direkter vun der Santé war bei eis am Studio fir op Är Froen z'äntweren iwwert de Corona-Vaccin.

Bis spéitstens den 28. Dezember soll den Avis virleie vun der EMA, der Europäescher Medikamenter-Agence, fir déi zwee Impfstoffer vu Biontech/Pfizer a vu Moderna. Dat si jo déi zwee Vaccinen op RNA-Basis, déi eng Wierksamkeet vun iwwer 90% sollen hunn. Do muss een och bannent  bis 4 Wochen eng zweet Impfdosis kréien.

E puer Deeg géif et dann daueren, bis d'Produzente kënne liwweren an da kéinten an den Impfzenteren d'Leit geimpft ginn. D'Gesondheets- a Fleegepersonal fir d'éischt. 6 Méint kéint et dauere bis jiddereen, dee wëll, geimpft ass.

D'Impfen ass jo op fräiwëlleger Basis. Idealerweis géife sech 70% impfe loossen, da kéint de Virus sech net méi weider verbreeden a géif verschwannen. Jidderee wär en Deel vun der Léisung, huet den Dr Schmit betount.

D'Leit haten en Donneschdeg de Moie vill spezifesch Froen. Ob ee sech soll impfe loossen, wann een de Virus schonn hat. Jo, sot den Expert. Wann ee vulnerabel wier, Virerkrankungen hätt, wär eng Impfung prinzipiell gutt. Mat sengem Hausdokter kann een och driwwer schwätzen. Et kritt een e Questionnaire virum Vaccin geschéckt. Am Impfzenter gesäit een och en Dokter, fir verschidde Froen ze klären.

De Vaccin gouf bis ewell net u schwangere Fraen a Kanner getest, déi sollen elo also mol net geimpft ginn.

Den Dr. Jean-Claude Schmit ass och op d'Skepsis vu munche Leit agaangen. Iwwer Laangzäit-Niewewierkunge kéint een nach näischt soen. Déi Experienz, déi een hätt, géif awer elo net op eppes Exzeptionelles hiweisen.

Den Dr. Alain Schmit iwwert de Corona-Vaccin
D'Leit haten en Donneschdeg de Moien an der Emissioun "Dir hutt d'Wuert" vill spezifesch Froe ronderëm de Corona-Impstoff.

Hei kënnt Dir déi komplett Emissioun nach eng Kéier nolauschteren

Dir hutt d'Wuert - De Replay vun der ganzer Emissioun

LINK: De Livestream vum Radio

Back to Top
CIM LOGO