Georges Santer am InterviewDen Antisemitismus dierf keng nei Bléie kréien

Dany Rasqué
"Eng Annexioun, wéi déi, déi Israel plangt, verstéisst an aller Hisiicht géint all Norme vum Vëlkerrecht", sou de Georges Santer.
Goerges Santer am Interview
"Eng Annexioun, wéi déi, déi Israel plangt, verstéisst an aller Hisiicht géint all Norme vum Vëlkerrecht", sou de Georges Santer.

Den Diplomat a fréiere President vun der internationaler Allianz fir d'Gedenke vum Holocaust, kuerz IHRA, war e Mëttwoch den Owend eisen Invité op der Tëlee.

Georges Santer am Interview

Déi israelesch Pläng, fir Deeler vum palestinensesche Westjordanland z'annektéieren, hu Repercussiounen, déi net ze stoppe sinn, warnt hien. Et géingen net just national oder regional Konsequenze ginn, mä déi geplangten Annexioun wier eng "Erschütterung", déi wäit doriwwer eraus geet, sou de Georges Santer.

Hie mécht anengems drop opmierksam, datt bal d'Hallschent vun der israelescher Populatioun net mat den Annexiounspläng averstanen ass an datt ee muss oppassen, datt den Antisemitismus duerch d'Decisioun vun der israelescher Regierung net erëm nei Bléie kritt.

Resumé vum Interview mam G. Santer / Rep. Dany Rasque

Antisemitismus an aner Diskriminatiounen nennt de Georges Santer "e Virus an der Gesellschaft", deen och vun der ganzer Gesellschaft misst bekämpft ginn.

Seng Karrirär als Diplomat geet iwwregens geschwënn op en Enn, ma Langweil dierft keng opkommen. Als neie President vum Luxfilmfestival beschäftegt hie sech an Zukunft méi mat senger Passioun fir de Film. Hien ass de Successeur vun der Colette Flesch, déi no 10 Joer opgehalen huet.

De Luxfilmfestival ass d'nächst Joer iwwregens vum 4. bis de 14. Mäerz.

Back to Top
CIM LOGO