Patienten, déi vun Ëmweltkrankheete betraff sinn, déi zum Beispill empfindlech op verschidde Chemikalie reagéieren oder Schwéiermetall-Belaaschtungen am Kierper hunn, hu bis ewell wäit Weeër an d'Ausland missen a Kaf huelen, fir sech stationär behandelen ze loossen. Dat soll sech awer elo änneren.
2009 schonn hat d'CSV-LSAP-Regierung an hirem Koalitiounsprogramm festgehalen, datt Lëtzebuerg eng Ëmweltklinik kréie soll. D'lescht Woch, also 10 Joer méi spéit, ass de Projet endlech decidéiert. Den Zouschlag krut den Escher Centre Hospitalier Emile Mayrisch, dat zukünfteg Südspidol.
D'Südspidol soll Enn 2026 op dësem Site zu Esch-Raemerich fäerdeg gebaut sinn. An eng 200m2 grouss integréiert Ëmweltklinik enthalen. Eng Plaz, wou een Ëmweltkränkten diagnostizéieren a behandele wëll. An déi dofir fräi vun Ëmweltbelaaschtungen, wéi z.B. Holzschutzmëttel, Weichmacher muss sinn. Déi Konditioun wär ginn, esou den Dr. Hans-Jörg Reimer, Direkter vum CHEM:
"An deem ganze Südspidol wëlle mer mat proppere Materialie schaffen. Dat ass ganz kloer esou ugeduecht a mir hätte gär déi Zertifizéierung fir nohaltegt Bauen, do sinn déi Saache mat dran."
D'Pläng, déi hei virleie missten nach emol iwwerschafft ginn, fir un d'Spidolsgesetz vun 2018 ugepasst ze ginn. Ma fest stéing scho mol, datt d'Ëmweltklinik 2 Better fir stationnär Patiente kréie soll a 6 ambulant Behandlungsméiglechkeeten.
"Mir wäerten zwou Raimlechkeete kréien, déi komplett vun alle Welle fräigeschalt sinn. Dat soll e Beräich sinn, wou net andauernd e Va-et-vient ass a wou et Réckzuchsméiglechkeete ginn. Mir denken do z.B och un d'Aussschweesse vun toxesche Substanzen, dofir ass e Saunaberäich mat dobäi. Awer och Plazen, wou d'Leit e Baxter kréie kënnen.", betount den Dr. Reimer.
Unhand vun däitsche Statistike, schätzt den Dr. Reimer, datt 20% vun der Populatioun méi oder manner staark vun Ëmweltkränkte betraff ass. Dës kënne sech a Form vun Hautkrankheeten, chronescher Middegkeet awer och Nerven- oder Autoimmunkrankheete weisen. Vill Betraffener wëssen awer mol net, datt hiert Leiden ëmweltbedéngt ass. Fir dat erauszefannen a richteg ze therapéieren, brauch een eng interdisziplinär Ekipp vun Doktere mat enger Spezialiséierung an der Ëmweltmedezin. Een hätt ee schonn, weider Doktere solle forméiert ginn.
"A mir wäerte mat der Aarbechtsmedezin, der Aarbechtspsychologie, zesummeschaffen. Mir schaffen och un enger neier Formatioun fir Generalisten nach eng Kéier ze responsabiliséieren, fir op esou Saachen ze kucken." Esou kéinte Betraffener scho vum Hausdokter an d'Ëmweltkinik orientéiert ginn, betount den Dr. Reimer nach.
Eng Ëmweltklinik, déi an enger éischter Phas schonn Enn 2020, also an engem Joer um Site vum Nidderkuerer Spidol, soll hir Dieren opmaachen. Dat a spezielle Containeren hannert der Cafeteria.