An der BedruchsaffärDéifferdenger Oppositioun kritiséiert Kommunikatioun vum Schäfferot

Marc Hoscheid
Huet den Déifferdenger Schäfferot de Gemengeconseil ze spéit doriwwer informéiert, datt een Affer vun engem Bedruch gouf a méi wéi 400.000 Euro op ee falsche Konto iwwerwisen huet? D'Oppositiounsparteie fanne Jo a fuerdere Konsequenzen.

Mëtt Mee war opgefall, datt Onéierlecher de Server vum Architektebüro gehacked an der Gemeng eng falsch Kontosnummer uginn haten an d'Suen dowéinst net der Baufirma, mee engem oder méi Kriminellen iwwerwise goufen, an zwar op een hollännesche Konto. Et sollt awer bis den 30. September daueren, bis dat an enger ëffentlecher Sëtzung vum Gemengerot public gemaach gouf. Bei den Oppositiounsparteien DP, déi Gréng an déi Lénk kann een net novollzéien, datt den LSAP-CSV-Schäfferot esou laang domadder gewaart huet, virun allem well et an der Tëschenzäit zwou Sëtzunge vum Gemengerot goufen. Den DP-Conseiller François Meisch:

"Fakt ass elo, datt de Vertrauensvirsprong, dee mir dem Schäfferot als Oppositioun gewärt hunn, definitiv opgebraucht ass. Et geet duer a beim nächste Feeler muss iwwert personell Konsequenze geschwat ginn. Et geet hei ëm d'Bild vun eiser Stad dobaussen. Et geet ëm d'Vertrauen, dat all d'Bierger aus der Gemeng an hier Verwaltung mussen hunn. Dat si mer der Stad Déifferdeng an all hiren Awunner, déi fir déi Steiergelder schwéier schaffe ginn, schëlleg. D'Bierger, an natierlech och de Gemengerot, hunn ee Recht op kloer Informatiounen an Äntwerten."

Déifferdenger Oppositioun kritiséiert Kommunikatioun vum Schäfferot
Gouf de Gemengeconseil ze spéit doriwwer informéiert, datt een Affer vun engem Bedruch gouf a méi wéi 400.000 Euro op ee falsche Konto iwwerwisen huet?

D'Oppositioun fuerdert dann och, datt sech an Zukunft eppes ännert. Et missten esouwuel generell Léiere gezu ginn, mee natierlech och spezifescher mat Bléck op de konkrete Fall, esou déi gréng Conseillère Laura Pregno.

"An dësem Fall vun der Fraude bancaire wëlle mir ganz genee wëssen, wéi d'Prozeduren innerhalb vun der Administratioun adaptéiert wäerte ginn, och am Fall vun enger sougenannter No-match-Notifikatioun vun enger Bank, wéi et hei de Fall war. Ee Buergermeeschter kann net an der Ëffentlechkeet soen, ech gesi keng noutwenneg Prozedure fir unzepassen, wann de System, deen en place ass, jo definitiv net gegraff huet a méi wéi 400.000 Euro Steiergelder fort sinn. Da fuerdere mir, datt d'Gemeng an d'Formatioun géint d'Cyberkriminalitéit investéiert, sou datt d'Gemengepersonal net eleng ass a sech effikass géint d'Cyberkriminalitéit ka schützen."

Déifferdenger Oppositioun kritiséiert Schäfferot / Rep. Marc Hoscheid

Et misst zudeem dat néidegt informatescht Material ugeschaaft ginn.

Wéi eng Journalistekolleegin gefrot huet, firwat d'Oppositioun net schonn éischter duerch d'Gemengepersonal iwwert de Bedruch informéiert gouf, ëmmerhi wier déi Informatioun laang an de Couloiren zirkuléiert, war et dës Äntwert:

"Déi Fro hu mir eis och gestallt a mir hu leider keng Äntwert drop. Mir fannen et allerdéngs ganz verwonnerlech, datt déi Informatioun esou laang kurséiert ass, mir froen eis natierlech, ass se sou laang kurséiert oder ass se vläicht och iergendwou ënnert den Teppech gekiert ginn? Dat sinn haut Froen, déi mir eis stellen an op déi mer leider keng Äntwerten hunn."

Den Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch weist d'Kritik u senger Kommunikatioun iwwerdeems zeréck. Véier Deeg nom Virement wier een drop opmierksam gemaach ginn, datt eppes net stëmme géing. Dunn hätt een direkt "Protest" bei der Bank ageluecht, mee et géing 30 Deeg daueren, bis eng Réckmeldung kënnt. Mee onofhängeg dovu wier eng ze séier Kommunikatioun kontraproduktiv gewiescht.

"Et soll een, wann een eng Plainte mécht, et ass eng Enquête judiciaire amgaangen, da soll een déi Leit mol schaffe loossen. An dat ass méi wichteg, fir déi Leit schaffen ze loossen, wéi de Virwëtz vun der Oppositioun."

Wann een ze séier no bausse kommunizéiert hätt, dann hätten d'Täter nämlech gewosst, datt een hinnen op der Spuer wier.

D'Gemengerotssëtzung vum 30. September wier am Endeffekt déi éischt Geleeënheet gewiescht, fir de Public no den zwee Méint Congé ze informéieren.

© Marc Hoscheid

D'Schreiwes vun den Déifferdenger Oppositiounsparteie fannt Dir hei

Back to Top
CIM LOGO