
D’Déifferdenger Gemengenhaus sollt renovéiert ginn. Ma, elo muss et ganz erofgerappt ginn, dat wéinst enger Partie Konstruktiounsfeeler a Strukturproblemer, déi elo bei de Préparatiounsaarbechten entdeckt goufen. Ënnert anerem sinn Dallen net déck genuch, d’Qualitéit vum Bëtong ass schlecht, a verschidde Plaze raschten. An de Brandschutz ass net garantéiert.
Am Communiqué vun der Déifferdenger Gemeng heescht et awer och, datt e kompletten Neibau eng ganz Rëtsch Virdeeler hätt. Et wier eng Chance, eng méi grouss an zäitgeméiss Gemeng ze bauen. Déi zousätzlech Ausgaben, déi bis ewell um Chantier ugefall sinn (Stäipe vum Nopeschhaus, Sanéierung vum Buedem ënnert dem Mazoutstank an d’Ofrappe) belafe sech op ronn 1 Millioun Euro. Wéi d’Gemeng RTL géigeniwwer präziséiert, wier zu dësem Zäitpunkt nach net gewosst, wat d’Gebai dat ëmgebaut gëtt, wäert kaschten.