Den 48 Joer alen Däitschen hat d'Kontroll vum Won verluer, ass op déi aner Bunn komm a krut de Camion ze paken. Hien huet den Accident net iwwerlieft.
De Miess an Erkennungsdéngscht ass op der Plaz. D'Strooss ass nach bis an d'Owesstonne gespaart.
Deviatioun :
1) a Faartrichtung Süden ass eng lokal Deviatioun iwwert déi al N7 gezeechent.
2) a Faartrichtung Norden geet d'Deviatioun via Sortie Angelduerf op der B7, d'N27 Ierpeldeng/Sauer - Méchela - Giewelsmillen - CR 348 Ënnerschlënner - Konstem - Holztem - Schinker.