Reaktioun op Etüd MouvecoDéi Lëtzebuerger Äppel "kënnen ouni Bedenke giess ginn"

RTL Lëtzebuerg
Dat betount de Landwirtschaftsministère um Freideg de Mëtteg an engem Communiqué.
© RTL

Dëst als Reaktioun op eng Etüd vu PAN Europe an dem Mouvement Ecologique iwwer Réckstänn vu Planzeschutzmëttel op Äppel.

De Ministère ënnersträicht, datt et an der Europäescher Unioun spezifesch gesetzlech Reegele gëtt, déi och reegelméisseg kontrolléiert ginn. Derbäi kéim, datt op bal der Hallschent vun den Ubauflächen Uebst ganz ouni den Asaz vu Fungiziden an Insektiziden ugebaut géif.

Schreiwes vum Landwirtschaftsministère
Pressecommuniqué

Schreiwes vu Mouvement Ecologique wier “ierféierend”, esou de Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin

Och de “Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin” huet sech zu Wuert gemellt a berifft sech op d’Schreiwes vum Mouvement Ecologique mam Titel “Wenn man Äpfel mit Birnen vergleicht”. Si versécheren, dass d’Lëtzebuerger Uebst sécher an net geféierlech fir d’Gesondheet wier. De Pressecommuniqué vum Mouvement Ecologique wier an deem Zesummenhang ierféierend ze verstoen. D’Lëtzebuerger Uebstbauere géife sech freeë wann de Mouveco hiert Versprieche géif anhalen, wou se virun e puer Méint am “Lëtzebuerger Bauer” matgedeelt hunn, si géifen op Dialog setzen. Dofir géif ee si fir eng Table Ronde an en Uebstbaubetrib invitéieren, fir Onkloerheeten aus dem Wee ze raumen a konstruktiv zesummenzeschaffen.

PDF Schreiwes Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin

Chambre d’Agriculture schwätzt vun “tendenziéiser a räisserescher Duerstellung vum Mouvement Ecologique”

D’Landwirtschaftskammer verweist an hirem Schreiwes um Freideg op déi staatlech, vun der ALVA duerchgefouerten Analysen, bei deene bis elo a kengem eenzege Fall Belaaschtunge festgestallt goufen, déi iwwert de gesetzlechen Norme loungen. Dofir géif een déi “tendenziéis a räisseresch Duerstellung vum Mouvement Ecologique” bedaueren. An de leschte Joren wieren nennenswäert Fortschrëtter zu Lëtzebuerg erziilt ginn, wat den Asaz vu Planzeschutzmëttelen an der Landwirtschaft ugeet, wat een och an den offizielle Statistikke vum Landwirtschaftsministère géif gesinn.

PDF Schreiwes Landwirtschaftskammer

Back to Top
CIM LOGO