VerdeedegungsministèreDéi 15 Leit aus Afghanistan sinn an Europa ukomm

Fanny Kinsch
Pierre Weimerskirch
Dorënner och eng afghanesch Riichterin, där hiert Liewen a Gefor war, an hir Famill.
Déi 15 Leit aus Afghanistan sinn an Europa ukomm
Dorënner och eng afghanesch Riichterin, där hiert Liewen a Gefor war, an hir Famill.

Um Pressebriefing ass de Premierminister e Mëttwoch op d'Situatioun am Afghanistan agaangen, zu där e sech bis ewell net geäussert hat. Hien hätt wëllen den zoustännege Ministeren de Virtrëtt loossen, sou de Premier. De François Bausch an de Jean Asselborn hunn och an enger zweeter Pressekonferenz weider Detailer ginn.

Pressekonferenz Situatioun Afghanistan / Rep. Fanny Kinsch

Eng 15 Persoune si vu Kabul evakuéiert ginn, fir op Lëtzebuerg ze kommen. Dorënner och eng afghanesch Riichterin, där hiert Liewen a Gefor war, an hir Famill. Elo geet d'Missioun dem Enn zou, sot de Xavier Bettel.

"Mir hu jo en Offizéier an och en Diplomat, déi do sinn, déi wäerten normalerweis muer [Donneschdeg] schonn zeréckkommen, well d'belsch Truppen och muer [Donneschdeg] scho wäerten zeréckkommen. Et leeft och d'Informatioun, datt déi däitsch Truppen och haut [Mëttwoch] oder muer [Donneschdeg] ënnerwee wieren, fir zréckzekommen. Ech kann iech net soen, wéi et weider geet dohannen nom 31. August."

Aktuell wier Lëtzebuerg nach drëm beméit, weider 2 Famillen aus dem Afghanistan erauszekréien, sot iwwerdeems den Ausseminister Jean Asselborn e Mëttwoch de Mëtteg virun der Press. Dorënner d'Eltere vun engem Mannerjäregen, dee vun der griichescher Insel Moria op Lëtzebuerg koum an elo de Regroupement familial ugefrot huet. Ma d'Hoffnung wier kleng, well schonn d'Lëtzebuerger Famill mat 3 Kanner hätt ee bal net erauskritt.

"Mir hunn "eis" Famill am leschte Moment op de Fluchhafe kritt. Deen Dag duerno wier et scho bal net méi méiglech gewiescht. Et war dee leschten Essai, deen huet misse klappen. An dir musst iech Kabul virstellen, dat si Millioune Leit, déi Leit hunn 3 Mol probéiert, fir zu Fouss bei eng Paart ze kommen, et ass ni gaangen. Hei war natierlech och e Risiko, kënnt dee Bus, fannen déi mech, sinn ech am richtege Bus."

Iwwer 200 Leit am Afghanistan hätten eng Demande gemaach, fir vu Lëtzebuerg gehollef ze kréien, ma do wéisst een nach net, wéi ee géing virgoen, esou nach de Lëtzebuerger Chefdiplomat. Onkloer ass och nach, wat mat deene Leit geschitt, déi schonn hei am Land sinn, awer keng international Protektioun accordéiert kritt haten.

"Och wat d'Refusen ugeet, vu Leit, déi e Refus hunn, misst europäesch eng Léisung fonnt ginn. Et ka jo net sinn, dass mir elo géifen e System opbauen, wou eng Automaticitéit dra wier, a jiddereen an Europa, deen e Refus kritt hätt, géing dann op Lëtzebuerg kommen an dann hei de Statut froen."

De Verdeedegungsminister François Bausch huet ervirgestrach, datt Lëtzebuerg un enger gemeinsamer europäescher Missioun bedeelegt war, där et gelongen ass, bannent kuerzer Zäit ganz vill Leit z'evakuéieren.

"Mir hunn hei, duerch de Fait, datt déi 7 Länner zesummeschaffen, hu mir 10.000 Leit evakuéiert kritt bannent enger Woch. 10.000 vu Kabul, ënnert deene schwieregste Bedéngungen. Dat ass nëmme méiglech gewiescht, well déi do Struktur besteet a well mer an engem europäesche solidaresche Kontext hei gehandelt hunn."

Duerch déi Zesummenaarbecht wier et och egal gewiescht, ob et grad e Lëtzebuergeschen, Belschen oder anere Fliger war, deen disponibel war, deen, dee gebraucht gouf, wier agesat ginn.

Vu Kabul op Lëtzebuerg

Op dëser Foto gesäit ee wéi d' Famill mat den dräi Kanner an enger Militärmaschinn vun der Belscher Arméi vu Kabul op Islamabad geflu gëtt. Et hat een et insgesamt véier Mol probéiert, op de Flughafen ze kommen. Et ass eréischt gegléckt wéi d'Belsch Arméi d'Leit ausserhalb vum Flughafe mat engem Bus siche war. An och dat war net esou einfach, wéi de Bouf vun 12 Joer erkläert: "D'Taliban haten de Wee vum Bus blockéiert. Mir hu missen aus dem Bus klammen. Méi spéit si mer an de Flughafe komm. D' Belsch hunn eis vill gehollef. De Rescht war dunn awer einfach. Mee am Bus war et schwéier."

D'Famill mat Lien zu Lëtzebuerg, déi evakuéiert gouf.
D'Famill mat Lien zu Lëtzebuerg, déi evakuéiert gouf.
© RTL-Grafik

De Replay vun der Pressekonferenz

Pressekonferenz Asselborn/Bausch
15 Persounen, déi vu Kabul evakuéiert goufen, sinn um Wee fir op Lëtzebuerg - dat sot den Ausseminister Jean Asselborn virun der Press.

RTL-News: Jean Asselborn live op Tëlee Lëtzebuerg: Ronn eng Dose Leit zu Islamabad gelant, dorënner Famill mat 3 Kanner

Back to Top
CIM LOGO