
Dëst Joer gëtt sech e Minus vun ronn 100 Milliounen Euro an d'nächst Joer ee vun 68 Milliounen Euro erwaart. Deemno muss op d'Reserve vun der Gesondheetskeess zeréckgegraff ginn, fir datt et net zu Cotisatioun-Haussë kënnt. D'Reserve ginn deemno vun ronn 970 Milliounen op 790 Milliounen d'nächst Joer erof. Dat huet de Verwaltungsrot vun der CNS an enger rezenter Reunioun aktéiert.
D'CNS dréckt duerfir den Alarmknapp a warnt viru weidere strukturellen Ausgaben, déi d'Gesondheetskeess zousätzlech belaaschten - domat sinn natierlech d'medezinesch Prestatiounen an Akte gemengt, déi zouhuelen an op d'Keess laaschten. Wann näischt geschitt, sinn deemno d'Reserven a 4 Joer um Limit vum gesetzlech-fixéierte legalen Seuil vun 10% ukomm.
Eleng d'Covid-Kris fir dës Entwécklung responsabel ze maachen, wier falsch, sou d'CNS. Wat op d'Keesse vun der CNS dréckt, ass d'Entwécklung vun der Prise en charge vu weideren Traitementer wéi zum Beispill den Effekter vum Long-Covid, der Psychotherapie oder och dem neien direkte Remboursement-Système, deen den Tiers-Payant ersetzt.
D'CNS-Responsabel ruffen deemno zur Virsiicht op, éier nach méi aus de Reserve muss geholl ginn, fir d'Defiziter auszegläichen.