
Et feelt nach ëmmer un enger konkreter Strategie oder engem Konzept fir en Neiufank. Dat huet d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber betount. Déi gréissten Oppositiounspartei ka sech a puncto Corona-Kris eng allgemeng Maskeflicht dobausse virstellen. Wat den Tracing ugeet, wëll ee kloer Äntwerten op verschidde Froen. Zum Beispill, wéi gutt dee funktionéiert a wéi séier an ob ee gutt opgestallt ass oder ee vir bäi an hanne widder ass? D'Martine Hansen huet och d'Fro opgeworf, ob et eppes Neies gëtt a puncto Tracing-App. Wat d'Staatsfinanze betrëfft, bräicht een der CSV no e Pluriannuell, deen eppes daacht, deen déi geplangte Politik chiffréiert an opweist, wéi een den Defizit eroffuere kann. Eng nohalteg Zukunft wier keen Automatismus, huet d'CSV-Politikerin nach ënnerstrach, dofir bräicht een e Leadership an der Politik.
Eise Gesondheetssystem huet strukturell Schwaachpunkten, op deene muss geschafft ginn. Dat huet d'Fraktiounscheffin vun déi Gréng, Josée Lorsché, e Mëttwoch de Mëtteg betount. Et bräicht een ënnert anerem onbedéngt e Pandemie-Gesetz, ma och op EU-Niveau misst endlech Neel mat Käpp gemaach ginn. D'Josée Lorsché huet ënnert anere gemeinsam Stocke genannt, déi missten ugeluecht ginn, an och gemeinsam Pläng fir Katastrophen opgestallt ginn.
„Mir hunn déi sanitär Kris esou gutt am Grëff wéi bal keen“ dat huet den LSAP-Fraktiounspresident Georges Engel am Kader vun den Debatten iwwert d’Lag vun der Natioun betount. D’Regierung géif fir méi Steiergerechtegkeet suergen an d’Investissementer héichhalen, dorun huet de Georges Engel erënnert an d’Oppositioun opgefuerdert, der Realitéit an d’Aen ze kucken. Et hätt ee keng Austeritéitspolitik gemaach an dat wier och déi richteg Decisioun gewiescht, huet den LSAP-Fraktiounspresident betount. Prioritéite wieren de Sozialisten no richteg gesat ginn. TVA-Erhéijungen oder Erhéijunge vun der Lounsteier oder den Ofbau vu Sozialleeschtungen géifen et mat der LSAP net ginn.
Et ass net de richtege Moment, fir vun enger grousser Steierreform ze schwätzen. Dat huet den DP-Fraktiounschef Gilles Baum am Kader vun den Debatten iwwert den Etat de la Natioun ënnerstrach. A puncto Klimawandel misst d'Regierung der DP no net drun erënnert ginn, datt ee konkret Klimapolitik maache muss. Et wiere scho wichteg Accente gesat ginn. Wat de Logement betrëfft, wier et dem Gilles Baum no elo un de Gemengen ze agéieren, well dat en Acteur wier, dee bis ewell net genuch gemaach hätt. D'DP wier optimistesch a gudder Déng fir d'Zukunft a Lëtzebuerg misst dem Fraktiounspresident no nom Coronavirus besser do stoe wéi virdrun.
Weider verdeedegt de Gilles Baum d'Depensë vun der Regierung wärend a virun der Corona-Pandemie a freet provokativ a Richtung CSV, ewéi si prezis an de leschte Jore gespuert hätten, fir deen dacks zitéierte finanzielle Polster opzebauen?
D'Regierung hätt d'Staatsfinanze sanéiert an ouni d'Corona-Kris hätt een d'Joer mat engem zolitte Plus ofgeschloss, esou den DP-Politiker. De Fraktiounschef preziséiert iwwerdeems, datt et ënnert der DP keng Verméigenssteier, nach eng Ierfschaftssteier géif ginn.
Fir d'adr bleiwen eng Rëtsch Chantieren ënnert der aktueller Regierung bestoen. Virun allem am Logement wier déi lescht Jore gefuscht ginn. Et misst een onbedéngt der Prorogation Légale an och dem vun der CSV proposéierte Miet-Kauf-Modell eng Chance ginn.
Och eng Diversifikatioun vun der Industriepolitik wier batter néideg – ma hei géif et kloer u Kohärenz feelen, esou den adr-Deputéierte Fernand Kartheiser. Mam geplangten Erhéije vun den Accisen géif een d'Betriber zu Lëtzebuerg net ënnerstëtzen.
