
A net manner wéi an 8 Ost-Gemenge goufen et iwwert de Weekend vum Sidere-Waassersyndikat Warnungen, fir d'Krunnewaasser ofzekachen, éier et gedronk gëtt. E Sonndeg den Owend eréischt gouf et d'Entwarnung an en Dënschdeg liwwert d'Ëmweltministesch Explikatiounen.
Basis war eng dréngend parlamentaresch Fro vum Maacher CSV-Député-Maire Léon Gloden.
Deemno wier e Freideg de Moie bei enger Routinekontroll vum Sidere an zwee regionalen Drénkwaasser-Behälter e Waasserfilm gesi ginn.
Direkt wiere souwuel chemesch, wéi och mikrobiologesch Analyse gemaach ginn, dat zum Deel iwwer Nuecht op benevoller Basis vu Mataarbechter vum Waasserwirtschaftsamt. No enger éischter Deel-Entwarnung um Samschdeg de Moien huet missten op weider Resultater vun engem private Labo gewaart ginn, déi no 48 Stonne virlouchen, sou datt um Sonndeg de Leit an den Ostgemenge konnt matgedeelt ginn, datt d'Waasser nees kéint benotzt ginn.
D'Carole Dieschbourg preziséiert, datt de Film aus engem Melange vun Eisen a Mangan bestanen huet, ouni datt eng Gefor fir d'mënschlech Gesondheet bestanen hätt.