3. Journée sociale vun der FEDASDe soziale Secteur huet Léieren aus der Caritas-Affär gezunn

Marc Hoscheid
An Zukunft wëll ee méi op Preventioun a Kommunikatioun setzen a méi enk mat der Politik zesummeschaffen.

D’Fédération des acteurs du secteur social au Luxembourg, kuerz FEDAS, organiséiert um Dënschdeg an der Coque déi drëtt Editioun vun hirer Journée sociale. Déi steet dëst Joer am Zeeche vun de Chancen an de Geforen duerch d’Kënschtlech Intelligenz. Ma och soss gëtt et am soziale Secteur eng Partie Entwécklungen an Erausfuerderungen.

3. Journée sociale vun der FEDAS: Reportage vum Marc Hoscheid

Méi wéi 200 Organisatioune mat iwwert 15.000 Salariéë si Member bei der FEDAS, déi 2018 aus enger Fusioun entstanen ass. De soziale Secteur ass breet gefächert a reecht vun der Kanner- a Jugendhëllef, iwwert d’Familljeberodung, de Logement, den Handicap bis bei Beschäftegungsinitiativen. Dacks leeft d’Aarbecht, déi vun deenen Organisatioune geleescht gëtt, e bëssi ënnert dem Radar vun der breeder Ëffentlechkeet, ma virun zwee Joer ass de Secteur duerch d’Caritas-Affär op eemol an den Zentrum vun der medialer Berichterstattung geroden. De Carlos Breda, ee vun den zwee Vizepresidente vun der FEDAS, iwwert d’Suitte vun där Affär:

“Si huet gewise wéi verletzlech och sozial Organisatioune kënne sinn, besonnesch am Beräich vun der digitaler Sécherheet, do ass net nëmmen de Privatmarché concernéiert, mee jiddereen. Gläichzäiteg huet dës Affär awer och gewisen, datt et nach Lacunnen a strukturell Erausfuerderunge bei eis am Secteur ginn an déi mussen och strukturell ugepaakt ginn.”

Fir dat ze erreechen, wëll d’FEDAS nach méi aktiv ginn a sech méi staark an de Beräicher Preventioun a Kommunikatioun abréngen. Dofir wëllt een och enk mat der Politik zesummeschaffen. Virun deem Hannergrond gouf virun e puer Méint ee Protocole d’entente mat siwe Ministèren ënnerschriwwen. Fir eng méi grouss Transparenz ze erreechen, gouf rezent jo och d’ASBL-Gesetz iwwerschafft. Déi Ännerunge gesäit ee bei der FEDAS nuancéiert.

“Déi Reform vum ASBL-Gesetz war néideg, ob dat lo duergeet, menge mer net. Et soll vill méi, wéi ech gesot hunn, um Niveau vun de Konventiounen, vun de Kaderen, vun der Gouvernance vun den Organisatioune geschafft ginn an den Dialog, den Dialogue structuré wéi mir deen nennen, dee muss wierklech gestäerkt ginn. An et ass genee dat, wat mir mat deem Protocole d’entente op Aenhéicht mat de Ministèren elo diskutéieren, an deenen nächste Méint a Joren.”

Zanter der Caritas-Affär gëtt et de Sozialalmanach, deen eng Zort Bestandsopnam vun der sozialer an ekonomescher Situatioun vum Land war, net méi. Als eng Zort Ersatz huet d’FEDAS Enn 2024 annoncéiert, hire Plaidoyer Social an d’Liewen ze ruffen. An dee wier mat senger Aarbecht och voll amgaangen.

“Mir hu scho verschidden Avisen an och Artikele geschriwwen. Wat fir eis eng grouss Prioritéit war, war de Logement, mir sinn an enger Logementskris an do si mer aktiv. Et ass eng nei Ekipp, déi viru manner wéi engem Joer zesummegestallt ginn ass, mee do si mer ganz aktiv a mir probéiere wierklech ee Maximum ze maachen, fir déi Roll vum Plaidoyer Social um nationalen Niveau ze spillen.”

Dono gefrot, wat sech da konkret am Beräich vum Logement ännere muss, seet de Carlos Breda, datt ee Kader misst geschaaft ginn, deen et och vulnerabele Leit, wéi deene Jonken oder de Familljen, et erlaabt an dezente Konditiounen ze wunnen. Mat Bléck op d’Kënschtlech Intelligenz seet ee bei der FEDAS, datt dës de Mënsch net ersetzen, mee en entlaaschte soll.

Méi iwwert d’Chance respektiv Geforen duerch an den etheschen Ëmgank mat der Kënschtlecher Intelligenz am soziale Secteur gesitt Der en Dënschdeg den Owend um 19.30 Auer an engem Reportage am Journal op der Tëlee.

Back to Top
CIM LOGO