
98 Leit schaffen hei am Land. Et hätt een d'Argumenter vun der Personaldelegatioun vun RTL Group gewëssenhaft iwwerpréift an iwwer d'Restrukturatiounen decidéiert. D'Personaldelegatioun an d'Gewerkschafte wären invitéiert, fir e Sozialplang matzeverhandelen. De 14. Oktober sollen déi Diskussiounen ufänken. Et soll séier verhandelt ginn, fir datt déi concernéiert Mataarbechter Gewëssheet iwwer hir Zukunft kréien, heescht et vun RTL Group. Zil wär, e faire Sozialplang an oppen a konstruktiv Gespréicher.
OGBL an LCGB hate sech um Dënschdeg ze Moie gefrot, ob de Standuert Lëtzebuerg vun RTL Group nach ofgeséchert wier an et hat een och ze bedenken ginn, ob de Konzessiounsvertrag tëscht Regierung a Patron och fir eng "Bréifkëschtefirma" gëllt.
D’Gewerkschafte haten d’Manéier vun RTL Group ferm kritiséiert, a vermësse sämtleche sozialen Dialog.