Serie Nuetsschicht (6)De Ralf Heinz suergt beim Emile Weber dofir, dass d'Busser moies asazbereet sinn

Philippe Dondelinger
Dacks gi si eréischt aus dem Haus, wann anerer schonn hire Feierowend genéissen oder esouguer fest schlofen.
De Ralf Heinz suergt dofir, dass d'Busser asazbereet sinn
Dacks gi si eréischt aus dem Haus, wann anerer schonn hire Feierowend genéissen oder esouguer fest schlofen.

Am Kader vun eiser Serie "Nuetsschicht" stelle mir Iech all Woch Portraite vu Mënsche vir, déi reegelméisseg op hirer Aarbecht Nuetsschichte maachen. Leit, ouni déi d'Beruffswelt hei am Land net funktionéiere géif.

Ma de Ralf ass esou eng Persoun. Hie schafft zanter iwwer 20 Joer bei der Busgesellschaft Voyage Emile Weber. Virop ass hien hei Bus gefuer, elo hätt en awer säin Dramberuff fonnt, seet hien. Zu sengen Aufgabe gehéiert ënnert anerem déi méi wéi 70 Busser ze kontrolléieren, ze tanken oder ze lueden, esou dass d'Chauffere moies direkt an den Asaz kënnen.

Serie Nuetsschicht (1) - Den Eric Phely mécht zanter 32 Joren Nuechten am CHL
Serie Nuetsschicht (2) - De Léon Jentgen schafft am Nuets-Foyer "Espoir" vun der Caritas
Serie Nuetsschicht (3) - De Romain Haas schéckt an der Nuecht Hëllef dohin, wou se gebraucht gëtt
Serie Nuetsschicht (4) - D'Karine Gabriele kontrolléiert nuets d'Keesen op der Aire de Berchem
Serie Nuetsschicht (5) - Duerch de Farib Assaba an de Franck Rivel ginn d'Zich och nuets gelueden

Back to Top
CIM LOGO