
Nodeems elo rezent de Bensinn nach eemol geklomme war, geet elo fir eng éischte Kéier zënter Deeg den Diesel an de Masutt (10 ppm) erof. Bei Diesel ass et eng Baisse vu 4,8 Cent op 1,78 Euro de Liter. De Mazutt (10ppm) geet souguer ëm 5,4 Cent de Liter erof, dat op 1,22 Euro de Liter.