Fir en Dënschdeg goufen déi dräi traditionell ëffentlech Feierlechkeeten, also d'Militärparade, d'Zeremonie an der Philharmonie an den Te Deum, wéinst de Covid-Dispositiounen ofgesot.
An deene leschten 550 Joer, wou den Te Deum hei am Land zelebréiert gëtt, ass dës feierlech Zeremonie an der Kathedral nach quasi ni ausgefall. Fir d'Lescht war dat wärend dem Zweete Weltkrich de Fall.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Op Nationalfeierdag war de Journal op RTL Télé Lëtzebuerg ausnamsweis schonn um 19 Auer, mat virop der Aktualitéit vum Dag an duerno der Rediffusioun vun der Zeremonie um Kanounenhiwwel.
Wéinst der Corona-Kris war jo dëst Joer kee grousst feierlecht Evenement, mä eng kleng Zeremonie mat Riede vum Grand-Duc Henri, dem Chamberpresident Fernand Etgen an dem Premier Xavier Bettel.
RTL Télé Lëtzebuerg huet d'Zeremonie en direct iwwerdroen an d’Rediffusioun koum owes nach emol tëscht 19 an 20 Auer.
Den offiziellen Deel vum Nationalfeierdag war dëst Joer an enger ofgeännerter Form. D'Zeremonie war wéi gewinnt beim Monument national de la Solidarité luxembourgeoise um Kanounenhiwwel, am Respekt mat den aktuelle Corona-Restriktiounen, waren awer just 3 Discoursë vum Grand-Duc Henri, dem Chamberpresident Fernand Etgen an dem Premier Xavier Bettel geplangt. Aner Elementer wéi den Defilé, Blumme néierleeën oder nach d'Remise vun de Medaile sinn ewechgefall.
Fir de musikaleschen Encadrement huet d'Militärmusek gesuergt an den Ofschloss hunn déi 21 traditionell Kanouneschëss um Fetschenhaff gemaach.
Um Virowend vun Nationalfeierdag gouf et kee Cortège a kee Freedefeier. Eise Journalisten no, déi e Méindeg den Owend an der Stad waren, hunn awer eng Partie Leit vum Feierdag profitéiert, fir och mol méi laang ënnerwee ze sinn. Vill Jonker hate sech op der Kinnekswiss zesummefonnt. Den Ofstand gouf agehalen an de Gros souz a Gruppe beieneen. D’Policebeamten hunn hei hir Ronnen gedréit.
Roueg war et an der Groussgaass. Op der Plëss haten d’Terrassen op. Och hei waren Leit ënnerwee, allerdéngs net iwwerméisseg.
Déi meeschte Leit waren an der Géigend vum Palais bei enger Bar versammelt. Bis Hallefnuecht ass alles souwäit friddlech verlaf. Duerno gouf an de Bistroen d’Musek ausgemaach an d’Police ass ënnert anerem an de Ween Kontrolle gefuer.
Well Nationalfeierdag méi roueg ofleeft, huet sech d’Militärmusek, op Initiativ vum Dirigent vun der Militärmusek, dem Lieutnant-Colonel Jean-Claude Braun, eppes Besonnesches afale gelooss. Interpretéiert goufen de Wilhelmus an Ons Heemecht, net an engem Concertssall, mä separat gefilmt op 15 verschiddene Plazen uechtert d'Land, déi historesch oder kulturell wichteg Identitéit fir de Grand-Duché duerstellen.
RTL-NEWS: D'Militärmusek spillt de Wilhelmus an d'HeemechtE Méindeg um 17 Auer gouf den Deel vum Wilhelmus an der Nationalhymne gewisen. En Dënschdeg de Moien um 8 Auer ass et d'Heemecht.
Eis Kolleege vun RTL 5minutes hu sech d'Geschicht vum Territoire vu Lëtzebuerg ugekuckt an dës an engem flotten Zäitraffer zesummegefaasst.

RTL-NEWS: D'Stad Lëtzebuerg lancéiert digital Campagne "Solidaritéit"
RTL-NEWS: Ännerungen op Nationalfeierdag bei der Gemeng an de Poubellen
RTL-NEWS: Duerch d’Corona-Pandemie sinn d'Festivitéiten an de Gemengen annuléiert
RTL-NEWS: Gemenge beweise Kreativitéit
RTL-NEWS: "Nationalfeierdag doheem" an der Gemeng Käerjeng