FSHCLDe Georges Jacobs demissionéiert als President vun der Jeeër-Federatioun

RTL Lëtzebuerg
D'Regierung an d'Ëmweltverwaltung géingen eng gutt Zesummenaarbecht mat der Fédération Saint-Hubert systematesch verhënneren, heescht et am Schreiwes.
© RTL-Archiv

Hie géing dee Schrëtt bedaueren. Dat Schreiwes läit RTL vir.

Als Beispiller nennt de Georges Jacobs d'Bekämpfung vun der afrikanescher Schwéngspescht, wou d'Jeeër net als Partner unerkannt gi wieren.

Hie wier 2018 als Enseignant bei de Juegd-Coursen entlooss ginn, ouni Erklärung an dat just well e Beamte gelunn hätt. De Jeeër schwätzt vu licenciement abusif a vun engem kloren Dysfonctionement.

Och allgemeng géingen d'Jeeër a juegdpoliteschen Decisiounen ausgeschloss ginn, zum Beispill bei rezente sanitären Decisiounen, wou d'Juegd zur Fräizäit-Aktivitéit deklaréiert gi wier.

De Récktrëtt wier mat der Federatioun ofgeschwat, goufe mer op Nofro hi gewuer.

De Georges Jacobs hofft, datt seng Successeuren ënner bessere Konditioune kënne schaffen ewéi hien.

Zu där Affär hunn déi 2 DP-Deputéiert Guy Arendt a Gusty Graas eng parlamentaresch Fro gestallt.

PDF Parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO