Äddi um KrautmaartDe Gast Gibéryen an de Marco Schank hu mat hirem Mandat opgehal

RTL Lëtzebuerg
Fir zwee laangjäreg Deputéiert war um Dënschdeg ee ganz emotionalen Dag um Krautmaart.
Äddi um Krautmaart
Fir zwee laangjäreg Deputéiert war um Dënschdeg ee ganz emotionalen Dag um Krautmaart.

Dat fir et u méi Jonker virunzeginn.

Den CSV-Deputéierte Marco Schank wëll sech an Zukunft op seng Aarbecht als Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Esch-Sauer konzentréieren. Hie war tëscht 1999 an 2009 Norddeputéiert, duerno Minister fir Logement, nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen an zanter 2013 sëtzt hien nees an der Chamber, wou lo den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf noréckelt.

Säin ADR-Kolleeg Gast Gibéryen war 31 Joer laang ouni Paus Deputéiert, de laangjäregen Fréisenger Gemengepapp gëtt säi Posten als Chef vun der Fraktioun un de Fernand Kartheiser virun a fir hie réckelt de Fred Keup an d'Chamber no.

Och de Generalsekrétär vun der Chamber de Claude Frieseisen, deen dëst Joer a Pensioun gaangen ass, gouf nach emol geéiert. Hien ass jo vum Laurent Scheek ersat ginn.

Back to Top
CIM LOGO