No 18 Méint am Cercle ass en Dënschdeg déi éischt ëffentlech Sëtzung vun der Chamber erëm um Krautmaart. Vun enger aarbechtsintensiver Sessioun huet de Chamberpresident Fernand Etgen e Méindeg de Moie bei der Presentatioun vum Bilan vun der Sessioun 2020-21 geschwat.
E Bilan mat enger Partie Rekordchifferen, zum Beispill bei de parlamentaresche Froen. Där goufen iwwer 2000 un d'Regierung gestallt. Donieft ass och d'Zuel vun de questions urgentes geklommen. D'Deputéiert hunn där 271 era ginn.
Nieft engem Réck- ass awer och en Ausbléck gemaach ginn. De Fernand Etgen huet betount, datt nieft der Pandemie déi nächst Méint ënnert anerem Interventiounen iwwert d'Héichwaasser, d'Entwécklung vum Site Belval oder de Bien-être vun de Kanner op d'Chamber duerkommen.
Natierlech wäert och d'Verfassung am Mëttelpunkt vun der Aarbecht um Krautmaart stoen. An deem Kader wieren och Informatiounsversammlungen an Table Ronde geplangt, an all Bierger soll eng Broschür heem geschéckt kréien.
Déi nei Chambersessioun geet en Dënschdeg direkt mat Vollgas lass, well den Etat de la nation vum Premier steet en Dënschdeg de Mëtteg direkt um Programm. Um 14.30 Auer mécht de Xavier Bettel seng Deklaratioun. E Mëttwoch an en Donneschdeg hunn d’Deputéiert dann Zäit fir dorobber ze reagéieren.
De Finanzminister Pierre Gramegna deposéiert iwwerdeems e Mëttwoch de Moien de Budget fir d’nächst Joer. Budgetsrapporter ass den Diddelenger Deputé-maire Dan Biancalana.
Souwuel beim Etat de la nation, wéi och beim Budget, kann ee gespaant sinn, wéi d’Regierung d’Zäit no der Covid-Kris plangt. De Budget 22 soll de Fokus op méi sozial Gerechtegkeet setzen an et kann een dervun ausgoen, dass d’Investitiounspolitik weiderhin héich gehale gëtt.