
D'Oppositioun huet sech geschlosse beschwéiert, datt si net eescht geholl géif ginn, notamment bei parlamentaresche Froen. Am Kräizfeier vun der Kritik stoung nieft der Regierung virun allem de Chamberpresident Fernand Etgen.
Den CSV-Deputé-Maire Gilles Roth hat de President souguer frontal attackéiert, andeems hie sot, "hien wier mat senger Aufgab komplett iwwerfuerdert".
Den Haaptreproche war deen, dass keng Urgence bei parlamentareschen Drénglechkeetsfroe géif unerkannt ginn.
De Fernand Etgen huet déi Kriticken am RTL-Interview awer net gëlle gelooss:
"Ech sinn de President vun allen Deputéierten. Grad a Krisenzäiten ass et wichteg, dass besonnesch d'Oppositioun eng staark Stëmm huet, an ech mengen, mer hunn an der Lescht alles gemaach, dass dat och kéint sinn.
Mer hunn d'Zuelen nogekuckt an et sinn esou vill Questions urgentes gestallt ginn wéi nach ni virdrun. Ech mengen och, dass besonnesch d'Oppositioun eng ganz Rei där Froe konnt stellen. Plusminus 16% méi wéi dat virdrun de Fall war. Bei 38% vun de Questions urgentes wier d'Urgence och unerkannt ginn."
Hie fillt sech deemno net ënner Drock, well hien e rengt Gewëssen hätt, sou de Fernand Etgen weider.
Déi Zuelen, déi him reprochéiert gi waren, géife net der Wourecht entspriechen. Bei knapps 40% vun de gestallte Froe wier d'Urgence eben unerkannt ginn, déi Zuelen hätt een nogesicht.
An der Presidente-Konferenz hätt een dann och an engem, wéi de Chamber-President et genannt huet, "gudde Klima" doriwwer beroden.
D'Sam Tanson ass op d'Ausenanersetzung tëscht der CSV an dem Chamberpresident Fernand Etgen agaangen:
„Ech wollt fir d'éischt awer emol kloerstellen, dass ech en Dënschdeg de Mëtteg iwwer Telefon vum Här Bausch gewuer gi sinn, dass Der déi Fro gestallt hutt, d.h. 14.45 Auer en Dënschdeg de Mëtteg, wou Dir dat hei virbruecht hutt am Plenum, soudass dat dann och dee Virworf entkräft, dass den Här hannert mer géif alles maachen, wat mir géife soen. Ech wosst nämlech net, dass Der déi Fro gestallt hätt, soss hätt ech natierlech och proposéiert, direkt, ech géif kommen, fir se ze beäntweren.“

RTL NEWS: Kritik vun CSV - "Fernand Etgen mécht just, wat d'Regierung ëm seet"