Rieds ass vu méiglecherweis grave Faiten. Dat huet de President vum Büro Claude Wiseler en Donneschdeg de Mëtteg op enger Pressekonferenz matgedeelt.
Eng Iwwerraschung ass et net onbedéngt. Mä eng Confirmatioun vun deem, wat d‘lescht Woch aus dem Spezialrapport vun der Cour des comptes iwwer d‘Finanze vun der Sensibilité politique vun de Piraten ervirgoung. Kuerz: Et stëmmt eppes net. De Chamberbüro hat den Dossier direkt un de Parquet weiderginn. An nodeems och de juristesche Service vun der Chamber dee Rapport déi lescht Deeg analyséiert huet, huet de Chamberbüro sech verflicht gesinn, e weidere Schratt ze decidéieren, esou erkläert et de President vun deem Büro Claude Wiseler:
„Et ass decidéiert ginn, Plainte ze maachen, well wann dat zeréckbehale gëtt, wat d‘Cour des comptes seet, et sech an den Ae vum Büro ëm grave Fakten handelt, wou ëffentlech Gelder vun Deputéierte méiglecherweis net zu Zwecker gebraucht gi fir déi se bestëmmt waren. Doduerch kéint d‘Vertrauen vun de Bierger a seng Vertrieder erschüttert sinn. Elo muss eng Enquête hannendru weisen, wéi dat anzeschätzen ass. Et ass net u mir méi doriwwer ze soen.“
De Claude Wiseler sot „Plainte géint Membere vun der Sensibilitéit vun de Piraten“. No hirem ëffentleche Sträit a géigesäitege Reprochen denkt een un de Sven Clement an de Marc Goergen, ma fir de Schluss vun der Period an där de Rechnungshaff d‘Finanze vun de Piraten ënnert d‘Lupp geholl huet (2018-2023), war och de Ben Polidori nach Pirat an der Chamber. (2024 hat hien d‘Partei och wéinst de Streidereie verlooss.) Fir Kloerheet, wéi eng Pirate vun der Plainte viséiert sinn, konnt de Claude Wiseler net suergen.
„Den Dossier vun der Cour des comptes ass anonymiséiert, do sti keng Nimm. Ech kann also net soen ob et der een, zwee, oder dräi sinn.“
Aus deem Grond ass och d‘Prozedur fir Chamber-intern disziplinaresch Suitten nach an de Kannerschong. De Chamberpresident huet awer kloer gestallt:
„D‘Affär wäert disziplinaresch Suitte kréien. D‘Prozedur ass an eisem Reglement kloer virgesinn.“
Wéi eng Sanktiounen do bléien, och dofir ass et nach ze fréi. Et war dem Claude Wiseler wichteg, kloerzestellen, dass d‘Chamberreglement zwar keng Kontrolle virgesinn huet, wéi d‘Fraktioune mat hire Suen ëmginn. Reegelen hätt et awer schonn ëmmer ginn:
„Déi Suen, déi d‘Sensibilitéiten, respektiv d‘Fraktioune kréien, si fir parlamentaresch Aktivitéite reservéiert. Dat ass absolutt evident. Iwwerdeems huet all Deputéierten, deen ëffentlech Sue kritt, eng Obligatioun fir gewëssenhaft domat ëmzegoen.“
Coiffer a Kostümer... ouni dass de Claude Wiseler dat konkret ernimmt, huet en awer betount, dass en Deputéierten esou Depensen net muss iwwer d‘Fraktioun finanzéieren.
„D‘Hallschent vu senger Indemnitéit gëtt als Frais de représentation gezielt. Domat kann en Deputéierte perséinlech Depensë maachen, déi mat sengem Mandat zesummen hänken. An dat aus deem Grond och steierfräi.“
Och d‘Fro vun der Immunité parlementaire vun den Deputéierten huet de Chamberpresident antizipéiert.
„En ass protegéiert fir fräi ze schwätzen, fir seng politesch Meenung kënnen ze äusseren. Et ass awer grad esou kloer, dass den Deputéierten net geschützt ass bei anere penale Faiten, déi e begeet.“
Wat blitt de concernéierte Piraten dann?
„Meng Informatioun ass: Mir ginn den Dossier weider, well mir mengen, dass d‘Faiten awer eng gewësse Gravitéit hunn.“
Méi wäit wollt de Claude Wiseler mat senger Aschätzung net goen. Fir de Rescht muss elo d‘Geriicht tranchéieren, ob, a wa jo, wéi falsch d‘Deputéiert vun de Piraten mat den ëffentleche Suen ëmgaange sinn.