Forest LoungeDe Bësch de Leit nees méi no bréngen

RTL Lëtzebuerg
Forest Lounge: de Bësch als Stuff. Am Kader vun enger neier Sensibiliséierungscampagne wëll den Ëmweltministère d'Leit nees méi an d'Natur lackelen.
© Max Richartz (RTL)

Dobäi gi modern Technologië benotzt, wéi zum Beispill de Virtual reality-Brëll. Dee kënnt nämlech dann an den Asaz, wann d’Leit de Film „Forest Lounge“ kucken. Ee Cour métrage vu 5 Minutten, deen d‘Spectateuren tëscht d‘Fielsen am Mëllerdall katapultéiert.

Forest Lounge: De Bësch de Leit nees méi no bréngen

Eng virtuell Rees duerch Mëllerdall, an duerch déi 4 Joreszäiten. Mam Kuerzfilm „Forest Lounge“ wéist den Ëmweltministère gären drop hin, wéi wichteg de Bësch fir eis ass,an datt mer eist Ökosystem schütze mussen. Et ass wëssenschaftlech bewisen, datt et gesond ass an de Bësch spadséieren ze goen. Et géif net nëmmen de Stress ofbauen, mä och eis soziaalt Liewen immens beräicheren.

Mir hunn am Grand-Duché esou vill flott Bëscher, vun deene virun allem d'Kanner méi profitéiere sollen, fënnt d''Ëmweltministesch Carole Dieschbourg: "Mir hunn haut scho vill Gemengen, déi zum Beispill Bëschcrèchen hunn, wou d'Kanner sech kënne fräi beweegen, fräi entfalen, wou se awer och déi sozial Netzwierker kënnen an der Natur strécken. Ech mengen dat si wichteg Voleten, iwwert déi mer eigentlech am Alldag, dee ganz stresseg ass, net oft genuch nodenken".

D'Campagne huet zwee Voleten. Op der enger Säit, sollen d'Leit nees méi an de Bësch goen. Op der anerer Säit soll de Film awer och fir déi sinn, déi net méi d'Méiglechkeet hunn selwer an d'Natur ze goen. Mam Virtual reality-Brëll kann een esou d’Geräischer vum Bësch nach eng Kéier genéissen. Ënner anerem appelléiert d'Ministesch awer och un d'Leit, datt se just ee Puzzelstéck vum Ökosystem sinn an Déieren am Bësch net vergiess däerfe ginn: "Mir deelen dëse wäertvolle Liewensraum mat allen aneren Déieren. Mir sinn en Deel vun der Natur. Dofir ass et wichteg, dat mer genau dës Natur, déi och eis ernäert ze erhalen".

De Virtual reality-Film gouf a Collaboratioun mat Cropmark a CGLUX Filmland realiséiert. D'Campagne dauert ee Joer a vu September u kann de Film dann op Demande a Schoulen oder Betriber gewise ginn.

Back to Top
CIM LOGO