
Et wier ee Joer mat gudde Resultater an et géif een och weider international Acteuren op Lëtzebuerg kréien. D'Bilane si liicht ëm 2,29% geklommen, domat stabiliséiere sech d'Resultater vun de Banken op engem héijen Niveau.
Gläichzäiteg gëtt d'ABBL awer och ze bedenken, datt d'Käschte geklomme sinn, dat besonnesch duerch d'Salairen, mee awer och wéinst de Mesuren, déi fir d'Cybersécherheet néideg sinn.
Fir datt et sech och an Zukunft lount, als Finanzacteur op Lëtzebuerg ze kommen, wier et wichteg, ee fiskaalt Ëmfeld ze schafen, dat Investitiounen an d'Innovatioun am Finanzberäich méi attraktiv mécht, esou nach d'ABBL.
