
Wéi d'Police matdeelt, ass hien nees doheem.
De Vermëssten hat eng rout Jackett mat Kaputz, eng donkel gro Box a schwaarz Schong un. Den Anton Schuster ass ongeféier 1,72 Meter grouss a weit ongeféier 70 Kilo. Hie schwätzt eng Mëschung aus Lëtzebuergesch an Däitsch.