A verschiddene südamerikaneschen an afrikanesche Länner ass d'Situatioun ganz uerg. Dofir hat Fairtrade d'Produzenten zejoert mat iwwer 15 Millioune Euro Fongen ënnerstëtzt.
Dobäi koumen iwwer 190 Milliounen Euro Primm. Déi sougenannt "Fairtrade Primm". Domat sollen d'Produzenten an Aarbechter sech kënne protegéieren, fir zum Beispill Material ze kafen: Masken an Desinfizéierungsmëttel.
"Et ass eng Entwécklunsgprimm, déi nieft dem garantéierte Mindestpräis un d'Produzente ginn, fir dass si kënne sozial Projeten domadder finanzéieren", erkläert d'Silvia Monteira vu Fairtraide Lëtzebuerg.
D'Associatioun huet zejoert och am Volet Educatioun eppes beweegt. Och wéinst der Pandemie goufe Coursen online organiséiert.
A verschiddenen Supermarchéë kritt een d'Produite jo ze kafen. Op de Kapp gëtt all Lëtzebuerger ronn 39 Euro fir Produite mam Fairtrade-Label aus – par Rapport zu den Nopeschlänner ass dat vill. D'Schwäizer ginn awer bal 100 Euro aus, wéi de President vu Fairtrade Lëtzebuerg, de Jean-Louis Zeien, erkläert. Hien ass awer schockéiert, dass eleng am Ghana op der Elfebeeküst nach annerhallef Millioun Kanner schaffe mussen.
"Mir sinn dofir frou, dass et hei zu Lëtzebuerg och eng Hausse vun 12 Prozent gouf, wat de Konsum vu Fairtrade-gehandeltem Kakao ugeet. De Maartundeel ass nach net héich genuch. Et ass awer eng gutt Dynamik bei Acteuren am Beräich vum Schockela."
Privat kommen d'Fairtrade-Produite gutt un. U sech gi se och an der professioneller Gastronomie verwäert, ma ee Produit gouf wärend der Pandemie däitlech manner verkaaft:
"Den Total-Ausfall an der Schoul an an de Kantinne vun de Betriber huet seng Spueren hannerlooss beim Verkaf vun de Banannen. Et ass e Réckgang vu ronn 10 Prozent."
D'Hoffnung ass grouss, dass geschwënn nees däitlech méi Banannen ënnert dem Label veraaft ginn. Hei am Land fënnt een den Ament iwwer 2.900 Produite mam Fairtrade Label.