
D'Situatioun um Aarbechtsmaart entspaant sech net vun haut op muer: RTL-Informatiounen no, déi e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber vum Aarbechtsminister Dan Kersch confirméiert goufen, ass och am Mee de Chômagetaux quasi identesch héich bliwwen an esouguer liicht geklomme vun 6,9% op 7%.
De Jugendchômage wäert déi gréissten Erausfuerderung vun der noer Zukunft ginn, sou den Dan Kersch.
Dan Kersch:„Ech wéilt dann och e bëssen entgéint der normaler Praxis der Chamber zwou weider Zuelen net ervir enthalen, déi ech och haut de Moie kritt hunn. Engersäits an entgéint deem, wat mer nach virun enger Woch gemengt hunn, geet de Chômage Enn Mee net zeréck am Verglach zu Enn Abrëll, mä bleift praktesch stabel. Mir bleiwen also iwwert der faméiser Grenz vun 20.000 Leit Residenten, déi fir den Aarbechtsmarché disponibel sinn an de Chômagetaux geet insgesamt vun 6,9 op 7 Prozent erop. Enn Mee ass hei, wéi gesot, d'Referenzperiod. Dat weist also, dass mer nach laang net iwwert de Bierg sinn. Mir ginn dovun aus, an ech hunn ni een Heel draus gemaach, dass mer Enn Juli déi schlëmmsten Zuelen wäerte verzeechnen. An dass déi sech och nach bis an de spéiden Hierscht mat eriwwerzéien."
Deemno bleift et dobäi, datt iwwert e Joer gekuckt, d'Zuel vun de Chômeuren, par Rapport zum Mee zejoert, ëm en Drëttel méi héich ass - dat sinn iwwer 4.800 Persoune méi, déi bei der Adem ageschriwwe sinn. Dës Chiffere goufen RTL no och no der Reunioun vum Konjunkturcomité e Mëttwoch aus gutt informéierte Sourcë confirméiert. Dat gëllt och fir den Datum vun der Tripartite, déi den 3. Juli soll sinn.
An der Chamber gouf e Mëttwpch de Mëtteg dann och de Gesetzprojet 7603 mat 59 Jo-Stëmmen an enger Abstentioun ugeholl, deen eng ganz Rei Derogatiounen zum Aarbechtsrecht aféiert, fir ebe spezifesch Mesuren ze verlängeren, déi wärend der Corona-Kris geholl goufen.
De Rapporter vum Gesetzprojet an LSAP-Fraktiounschef Georges Engel: „Dat gëllt zum Beispill fir Salariéen, déi an Entreprisë schaffen, déi hu missen zoumaachen oder/an de Chômage-Partiel-Covid-19 kruten. Dat gëllt och fir Schutz virun Entloossung am Krankheetsfall wärend de 26 Wochen. Dat gëllt och beim Reclassement oder an de Verhandlungen am Kader vun engem Sozialplang. Änlech Derogatioune gëtt et och am Sënn vun de Leit, déi am Chômage sinn. D'Recht op eng Indemniséierung vum Chômage gëtt op d'Dauer vum Etat de crise verlängert."
Bis ewell goufen et fir dëse Mount och ewell 6.000 Demandë vu Betriber fir Kuerzaarbecht. De Peak vun dësen Demandë louch am Abrëll bei iwwer 14.000. Am Mee goufen ëmmerhin och nach ëmmer bal 10.000 Demandë gezielt. Bis Dezember leeft de Système vum Chômage partiel weider.
Et wär zu Recht gesot ginn, dass de Chômage partiel warscheinlech déi entscheedend Mesure war, fir d'Lëtzebuerger Ekonomie ze stäerken, sou den Aarbechtsminister Dan Kersch:
"Ech wëll der Chamber net Zuele virenthalen, déi ech haut kritt hunn. Fir de Mount Mäerz waren et insgesamt 12.800 Betriber, déi Chômage partiel kritt hunn. Am Abrëll war de Rekord, do waren et der 14.100. Am Mee ass et erofgaangen op 9.900 an am Juni waren et nach 6.000 Betriber, déi eng Demande gemaach hunn, fir Chômage partiel ze kréien. Am Ganzen hunn mer iwwer 800 Milliounen ausginn, woubäi, an dat ech schonn gesot, nach mat Sécherheet een Deel ka recuperéiert ginn, wann d'Decomptë kommen."
Et gëllen iwwerdeem nei Modalitéite fir d'Betriber, well vun elo un all Mount net iwwer Avancen ofgerechent gëtt, mä op Basis vun den Decompten. Fir déi nächst 2 Méint gëllen 2 wichteg Datumer: fir de Mount Juli mussen d'Demanden tëscht dem 20. an dem 26. Juni gemaach ginn - also bis d'nächst Woch e Freideg ewell. D'Demandë fir den August mussen tëscht dem 1. an dem 12. Juli gemaach ginn. All dës Demandë mussen elektronesch iwwer MyGuichet.lu eragereecht ginn, wou et och en entspriechenden, komplett neie Formulaire gëtt.
Fir all Froe vu Patronen iwwert de Chômage partiel gëllt vun en Donneschdeg un d'Hotline 8002-91 91.
Dates limites pour introduire les demandes de chômage partiel lié à la relance économique (17.06.2020)
Communiqué par: ministère de l'Économie
Avec la fin de l'état de crise et pour relancer l'économie, de nouvelles modalités d'octroi du chômage partiel aux entreprises touchées par la crise liée au COVID-19 sont en vigueur à partir du mois de juillet et jusqu'au 31 décembre 2020.
Compte tenu de ces nouvelles modalités, les dates limites pour demander le chômage partiel lié à la relance économique pour les deux mois à venir se présentent comme suit:
• les demandes pour le mois de juillet 2020 doivent être effectuées via MyGuichet.lu du 20 au 26 juin 2020 inclus;
• les demandes pour le mois d'août doivent être effectuées via MyGuichet.lu du 1er au 12 juillet inclus.
Les demandes pour les mois de septembre, octobre, novembre et décembre doivent être introduites via MyGuichet.lu au plus tard le 12e jour du mois précédent la période de chômage partiel demandée (par exemple avant le 12 août pour la demande de chômage partiel qui se rapporte au mois de septembre). Le bénéfice du chômage partiel ne peut en aucun cas être accordé rétroactivement.
L'entreprise, ou son mandataire (p.ex. une fiduciaire), doit obligatoirement introduire la demande par voie électronique à travers son espace professionnel de la plateforme MyGuichet.lu. La personne qui introduit la demande a besoin d'un produit LuxTrust (p.ex. Token, Smartcard ou Signing stick) ou d'une carte d'identité électronique. En ligne à partir du 20 juin, le formulaire électronique a été élaboré par le ministère de l'Économie avec le soutien du Centre des technologies de l'information de l'État (CTIE).
À partir du 18 juin 2020, la hotline 8002-9191 fonctionne tous les jours ouvrables entre 8 et 17 heures pour répondre aux questions relatives aux demandes de chômage partiel lié à la relance économique.