"Pass the duchy"D'Cannabis-Legaliséierung zu Lëtzebuerg interesséiert d'Ausland

RTL Lëtzebuerg
D’Pläng vun der Lëtzebuerger Regierung, fir de Cannabis ze legaliséieren, hunn d’Opmierksamkeet vun der auslännescher Press erwächt.
© AFP

Politico, duerno the Guardian, Euronews, den de Nouvel Obs, wéi och nach manner grouss Medien, hunn déi lescht zwee Deeg iwwert d’Annonce, dat Enn vum Joer e Konzept soll op den Dësch kommen, vill geschriwwen a geschwat..

Déi Blo-Rout-Gréng Regierung huet Wëlles, d’Produktioun, de Kaf, de Besëtz an de Verbrauch vu Cannabis ënner verschidde Konditiounen ze legaliséieren an d’Vente dovunner besteieren. D’Vente un Net-Residente soll verbuede sinn.

A klenge Quantitéiten ass Cannabis, fir de medezineschen Zweck, zu Lëtzebuerg och schonn depenaliséiert ginn. Legal ass Cannabis schonn a Kanada, Uruguay an an 11 US-Bundesstaaten.

Back to Top
CIM LOGO