Date-Leak bei Justiz"Dat, wat passéiert ass, däerf net sinn!", sou d'Sam Tanson

Sascha Georges
Wéi de Spriecher vun der Justiz Henri Eippers am RTL-Interview bestätegt, goufen deels sensibel Donnéeën aus internen Dokumenter verëffentlecht.
© AFP-Archiv

Wéi d'Wort um Dënschdeg de Moie mellt, wiere sensibel Donnéeën aus enger Verwaltung un d'Ëffentlechkeet geroden, déi Kéier bei der Justiz. Rieds ass vun Date vu bal engem Gigabyte Gréisst.

De Spriecher vun der Justiz Henri Eippers huet am RTL-Journal um 7.30 Auer bestätegt, dass intern Dokumenter vun der Justiz betraff sinn. Et wieren deels ëffentlech Dokumenter, ma och intern Notten, Sëtzungsprotokoller, Rapporten an Email-Echangen. Et sinn also och sensibel Donnéeë vu Persounen an Entreprisen dobäi.

Den Henri Eippers stellt awer kloer, dass et sech enger éischter Analys no, net ëm en Hacker-Ugrëff op Servere vun der Justiz oder dem Centre Informatique handelt. Et goufe wuel statesch Donnéeë kopéiert, sief et op Pabeier oder engem USB-Stick, déi du mat erausgeholl goufen.

D'Fuite ass méiglecherweis vun engem Mataarbechter geschitt, wéi se awer a friem Hänn konnte kommen, bleift ze klären.

Et goufe bis elo keng Revendicatioune géintiwwer der Justiz. Et wier ee vun engem Journalist mat den Donnéeë konfrontéiert ginn, sou den Henri Eippers.

Elo wier et un der Police an un der Justiz fir hir Aarbecht ze maachen, fir erauszefannen, wéi deen Date-Leak geschéie konnt. Eng Enquête ass am Gaangen.

Reaktioun vun der Ministesch

„Dat, wat passéiert ass, däerf net sinn!“: Dat sot d'Justizministesch um Mëttwoch am fréien Nomëtten an der Chamber als Äntwert op d'dringend parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Gilles Roth a Laurent Mosar zum Date-Leak bei der Justiz.

Um Dënschdeg virun enger Woch wär e Journalist un de Presseservice vun der Justiz erugetrueden, well hien Dokumenter kritt hätt, déi op engem Stick waren. Eng 1. Recherche hätt erginn, dass d'Justiz net gehacked gouf, mä „zimmlech sécher“ Date vun engem Computer op dee Stick gezu gi wären, sou d'Sam Tanson.

D'Dokumenter géifen op d'Zäitspan tëscht den 90er Joren an 2015 zréckgoen, an et wären ë.a. Urteeler drënner, spréch sensibel Donnéeën. Ob e Feelverhale virléich, misst d'Enquête erginn, huet d'Ministesch nach erkläert.

Communiqué vun der Justiz

Communiqué du Parquet général et du parquet de Luxembourg en relation avec une fuite de documents internes de la justice (19.05.2020)

Suite à la publication d'un article de presse ce matin (19.05.2020) en relation avec une fuite de documents internes de la justice, le Parquet général et le parquet de Luxembourg tiennent à clarifier les points suivants :

Les documents transmis au journaliste par un tiers inconnu et cités dans le prédit article constituent des copies de fichiers pour lesquels une première analyse a permis d'établir qu'ils proviennent tous d'un même service, voire d'un même poste de travail, et dont les plus récents datent de 2015.

Une enquête a été diligentée pour déterminer de quelle manière les documents en question ont pu se retrouver en la possession de personnes externes à l'administration judiciaire.

A aucun moment il n'y a eu une intrusion sur les serveurs, ni de l'administration judiciaire, ni sur ceux de l'Etat, en l'occurrence du Centre des technologies de l'information de l'Etat (CTIE).

Back to Top
CIM LOGO