3 Joer laang huet d'CELL a.s.b.l. (Center for Ecological Learning Luxembourg) dorop gewaart, dass hiren Dram realiséiert gëtt. Esou laang huet et gedauert, fir all d'Autorisatiounen zesummenzekréie fir de Bau vun dësem speziellen Haus. Et ass dat éischt Haus vun dëser Zort, dat hei am Land gebaut gëtt. Op der ganzer Welt ginn et awer schonn honnerte vun dëse Modeller.
De Prinzip beim den "Äerdschëffer" ass ëmmer de selwechten: Et gëtt dorop verzicht, um Frëschwaasser- a Stroumcircuit vun der Gemeng ugeschloss ze sinn. D'Zil ass et, dass d'Haus sech selwer ka mat Reewaasser a Solarstroum versuergen. Beim Bau gëtt op recycléiert a natierlech Materialien zeréckgegraff. D'Mauere bestinn aus ausrangéierte Pneuen, déi mat Buedem gefëllt ginn a bei der Dekoratioun banne ginn eidel Béchsen an al gliese Fläsche benotzt.
D'Haus ass no Süden ausgeriicht an d'Thermik bannendra gëtt vun de Pneue beaflosst. Entwéckelt huet dëse Prinzip den amerikaneschen Architekt Michael Reynolds. Hien huet an de 70er Joren ugefaangen, dëse Prinzip vum nohaltege Bauen ze entwéckelen a baut dës Modeller op der ganzer Welt - a Quartieren an Holland bis Schoulen zu Haiti. Dofir huet hie säi Markennumm "earthship" schütze gelooss.
Besonnesch beim Bau vun dësen Äerdschëffer ass, dass um Chantier virun allem Volontairen hëllefen. Esou och hei zu Lëtzebuerg, wou am August eng 30 bis 40 Leit all Dag fräiwëlleg eng Hand mat ugepak hunn.
Den 30. September geet et an déi zweet Phase vum Chantier. Et ginn nach Fräiwëlleger gesicht, déi hëllefe wëllen. Volontairë kënne sech ënnert volunteer@cell.lu mellen oder direkt op der Homepage https://aerdscheff.cell.lu/participer-2-2/ registréieren.
D'Associatioun CELL gëtt et zënter 2011. Si engagéiert sech, fir d'Gesellschaft iwwert nohalteg Theme wéi Permakultur an Economie circulaire ze informéieren. Mat dësem Gebai schaffe si sech en Espace, deen als Zentrum fir Weiderbildunge ronderëm d'nohaltegt Liewen dénge soll.
Wien d'Associatioun beim Bau ënnerstëtze wëll, kann dat och maachen, andeems ee Material zur Verfügung stellt. Mat der Iddi vun der Economie circulaire gëtt Material gesicht, dat schonn eemol benotzt gouf an elo vun hinnen eng zweete Kéier ka genotzt ginn, wéi Bauholz, dat schonn eemol agebaut war. Ausserdeem géing sech d'A.s.b.l. iwwert e Second-hand-Container freeën, am beschte Fall eng al Camionnette.
Instagram-Account vum Michael Reynold, Initiator vun der Earthship-Beweegung