Aktuell Penurie u verschidde Bau-MaterialienDat huet och en Impakt op déi staatlech Chantieren hei am Land

RTL Lëtzebuerg
Concernéiert wier zum Beispill den neie Prisong um Uerschterhaff oder och eng sëllege Schoul- oder Lyçéesgebaier, déi doduerch natierlech Retard kréichen.
© RTL-Archiv

Doduercher kéinten d’Schüler méiglecherweis eréischt méi spéit wéi geplangt do an d’Schoul goen.

Fir de Juni hätten och 11 Bau-Entreprisen e positiven Avis vum Konjunktur-Comité kritt, fir op d’Kuerzaarbecht kënnen zeréckzegräifen.

Mëtt vum Mount wéilt d’Regierung sech mat der Federatioun vun de Constructeuren an dem Génie civil gesinn, fir ze diskutéieren, wéi een d’Affekter vun der Material-Penurie kéint offiederen.

Dat äntweren d’Ministeren Fayot a Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierten Mosar a Spautz.

Holzmanktem: Präisser klammen, Liwwerzäite si vun 3 Wochen op 3 Méint eropgaangen

Back to Top
CIM LOGO