
Lesben a Schwuler an aner Mënschen aus der queerer Communautéit hätten et dacks net einfach mam Elengsinn an der Isolatioun gehat, virun allem eeler Mënschen oder awer och jonk Leit. Jonker déi sech an oder no engem Outing befannen, hätten déi véier Wänn missen deelen mat Familljememberen, déi hir Sexualitéit eventuell net akzeptéieren. Et wär déi batter Realitéit.
Rosa Lëtzebuerg wëll awer Responsabilitéit iwwerhuelen, an huet all déi grouss Evenementer mat ville Leit, déi physesch present sinn, ofgesot. D'Verbreedung vun Haass géif awer keng Paus maache virun engem Virus, betount d'Associatioun. D'Pride Week wäert dofir net ganz annuléiert ginn, mä digital oflafen.