BeggenDat 250 Joer aalt Beggener Wichtelhaus huet gebrannt

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg géint 15 Auer koum et zu engem Feier am eelsten Haus zu Beggen, dat zanter Joren onbewunnt ass.
© Jochen Zenthöfer

D'Gebai, dat mëttlerweil ënner Denkmalschutz steet, sollt ofgerappt an duerch eng gréisser Residenz ersat ginn. Fir dëst z'evitéieren, hu sech Beggener Awunner zesummegedoen, fir sech géint de Logement-Projet ze wieren.

Den Zoustand vum Wichtelhaus wier allerdéngs erschreckend, sou de Beggener Jochen Zenthöfer. D'Haus wier net bewunnbar. Zanter Jore géing d'Hausdier vum Gebai opstoen - et géing net geschützt ginn. Wéi et heescht, solle sech do munchmol Jugendlecher treffen. Et missten nees Leit an dem Haus wunnen, fir dass et net verkënnt oder duerch e Brand zerstéiert gëtt, fënnt de Jochen Zenthöfer. "Beggen steet ënner Schock! D'Haus ass eis Geschicht an eis Traditioun - et ass d'Symbol vun de Wichteler!", ënnersträicht hien.

© Jochen Zenthöfer

Duerch de séieren Asaz vun de Stater Pompjeeë konnt dat historescht Wichtelhaus gerett an d'Feier geläscht ginn. Gebrannt huet et der Ausso no vun enger Nopesch am éischte Stack. E Blesséierte gouf et beim Virfall net.

© Jochen Zenthöfer

RTL NEWS: Wichtelhaus zu Beggen - Keen Ofrëss, ma nach keen Accord fir Denkmalschutz

Back to Top
CIM LOGO